Radio Luxembourg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem englesch-sproochege Radiossender. Fir den däitsche Sender, kuckt wgl. Radio Luxemburg (Die vier fröhlichen Wellen).

Radio Luxembourg (en) war eng lëtzebuergesch kommerziell englesch-sproocheg Radiosstatioun, déi vun 1933 bis 1992 fir d'Auditeuren aus Groussbritannien an aus Irland ausgestraalt gouf[1]. Et war bis 1948, wéi op Mëttelwell (208 m) ëmgeschalt gouf, de stäerkste Laangwelle-Sender an Europa[2] an am gréissten Deel vun Europa[3] disponibel. De Radiossender huet zur RTL Group gehéiert[4].

Den Englänner Stephen Williams dee scho virdru bei der International Broadcasting Company a Radio Publicity geschafft hat, war den éischte Moderateur vu Radio Luxembourg an och den éischten Direkter. Sonndes, wa vun der BBC méi eescht a reliéis Sendungen ausgestraalt goufen, huet ronn d'Hallschent vun den engleschen Auditeuren dann op Radio Lëtzebuerg ëmgeschalt. Well et der BBC net erlaabt war Reklammen ze senden, gouf dat vu Radio Luxembourg gemaacht, sou datt RTL ee vun den éischte „kommerzielle Radiossendere“ war[2]. Radio Luxembourg war bis 1967 déi eenzeg kommerziell Radiosstatioun op de Britteschen Inselen[1].

An de Joren 1950–70 war Radio Luxembourg mat senge Musekssendunge ganz beléift, a war souguer ee vun den notabele Promoteure vun der Rock-N-Roll-Musek[5].

An den 1980er Jore goung d'Popularitéit vun der Radiosstatioun zeréck a se war net méi profitabel. 1992 gouf se zougemaach[1].

Senderen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Tim Skelton. Luxembourg. – S. 37 – Bradt Travel Guides, 2012
  2. 2,0 2,1 John Marshall, 2018, #LuxUKLinks: Luxembourg - United Kingdom Links; LuxUKLinks 7; British Embassy & Les Amis de l'Histoire, erausgi vum Jean-Claude Muller, ISBN 978-2-919884-56-8
  3. Ervin Laszlo. Quantum Shift in the Global Brain: How the New Scientific Reality Can Change Us and Our World. — Inner Traditions / Bear & Co, 2008-02-27. — ISBN 9781594779893.
  4. Martin Sims, Toby Youell, Richard Womersley. Understanding Spectrum Liberalisation – S. 75 – CRC Press, 2015
  5. André Millard. Rock'n'roll comes to Britain // Beatlemania: Technology, Business, and Teen Culture in Cold War America. — S. 89.