Diskussioun:Radio Luxembourg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Op der Diskussiounssäit iwwwer Radio Luxemburg (Die vier fröhlichen Wellen) gëtt den engleschsproochege Programm mat Radio Luxembourg 208 uginn. Huet déi 208 zum Numm gehéiert? Da misst de Lemma ugepasst ginn. GilPe (Diskussioun) 01:38, 11. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]

208 m war d'Wellelängt op där gesent gouf. An den Annonce gouf dann dacks vun two O eight geschwat. 208 war de Mëttelwellesender vun 1948 un. Virdru gouf op Laangwelle gesent (1238 m an nach virdrun op 1304 m). 208 hat deemno näischt direkt mam Numm vum Sender ze dinn. Déi Wellelängt gouf iwwregens vu Marnach aus gesent, mat engem 350 kW Sender. --Les Meloures (Diskussioun) 07:29, 11. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]