Diskussioun:Radio Luxemburg (Die vier fröhlichen Wellen)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien Ernmuhl,

ech wollt der net an däin Artikel fréckele goen, well s de jo nach do am gaang bass. Just dat hei: Am Artikel RTL Group steet schonns en allgemengen Iwwerbléck iwwer d'Geschicht vun der CLR/CLT/CL-Ufa/RTLGroup an hire (wichtegste) Programmer.

Den Numm "Vier Fröhlische Wellen" bezitt sech menges Wëssens no nëmmen op den däitschsproochege Radiosprogramm, deen ausganks den 1950 Joeren gegrënnt gouf (cf Camille Felgen) an an den 1990er Joeren an "RTL Radio-Der Oldiesender" oder esou ëmformatéiert gouf. Deemno misst, mengen ech, den Artikel och "Radio Luxemburg (Vier fröhliche Wellen)" heeschen.

Et wier intressant genuch, eenzel Artikelen zum lëtzebuergeschsproochege Radiosprogramm (RTL Radio Lëtzebuerg - virdrunn: Radio Lëtzebuerg, "den Ukawee" an RTL 92,5), zum däitschsproochegen (Radio Luxemburg (Vier fröhliche Wellen), engleschsproochegen Radio Luxembourg 208 a franséischsproochegen RTL Radio (Frankräich) ze maachen.

D'Linken hei driwwer wieen d'Propos fir déi eenzel Lemmaen.

Bescht Gréiss, --Zinneke 15:03, 21. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]