Op den Inhalt sprangen

Brittesch Inselen

Vu Wikipedia
Brittesch Inselen
Geographie
Land Vereenegt Kinnekräich, Irland, Guernsey, Insel Man
Läit an/am Atlanteschen Ozean
Koordinaten 54°N, 4°W
Fläch 121.684
Héchste Punkt Ben Nevis ()
Verwaltung
Demographie
Awunner 71.891.524
Awunnerdatum 2019
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC±0, UTC+1

D'Brittesch Inselen (englesch: British Isles) sinn eng Inselgrupp am Nordmier am Nordweste vun Europa. Nieft den zwou Haaptinsele Groussbritannien an Irland gehéieren am Ganzen eng 6.000 Insele mat enger Gesamtfläch vun 315.134 km² zu der Inselgrupp.

D'Brittesch Insele reeche vun de Scilly Inselen am Süde bis op d'Shetland Inselen am Norden, a vun de Blasket Inselen am Weste bis Lowestoft Ness am Osten. D'Haaptinsele Groussbritannien an Irland sinn ëmgi vun enger grousser Zuel vu méi oder manner groussen Archipelen an Inselgruppen. Déi wichtegst dorënner sinn:

Politesch gesi bestinn d'Brittesch Inselen aus deenen onofhängegen Natiounen Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland (United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland)) an der Republik Irland (englesch Republic of Ireland, Iresch Eire), an aus der Brittescher Kroundependence Insel Man (Isle of Man) déi net zum vereenegte Kinnekräich gehéiert.