Groussbritannien (Insel)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Insel Groussbritannien, engem Deel vum Vereenegte Kinnekräich. Fir dat ganzt Land, kuckt wgl. Vereenegt Kinnekräich.
Groussbritannien (Insel)
Satelittebild vun 2002
Geographie
Kontinent Europa
Land Vereenegt Kinnekräich
Läit an/am Nordmier, Irescht Mier
Gehéiert zu Brittesch Inselen
Koordinaten 53°50'N, 2°25'W
Fläch 228.938 km²
Héchste Punkt Ben Nevis (1.344 m)
Verwaltung
Demographie
Awunner 65.121.000
Awunnerdatum 2021
Aner Informatiounen
Zäitzon GMT

Groussbritannien ass eng Insel am Atlanteschen Ozean, tëscht dem Iresche Mier an dem Nordatlantik am Westen, dem Nordmier am Osten an dem Äermelkanal am Südosten, op der nordwestlecher Küst vum europäesche Kontinent.

Mat 228.938  km² ass et déi gréisst Insel vun Europa, deemno och déi gréisst vun de Britteschen Inselen, zu deenen ë. a. och Irland an d'Isle of Man gehéieren.

Politesch ass Groussbritannien zanter dem Act of Union 1707 eng Eenheet, déi aus de Staaten England, Wales (zanter 1542 englesch) a Schottland forméiert gouf. D'Hebriden, d'Orkney an d'Shetlandinseln ginn, als Deel vu Schottland, och politesch zu Groussbritannie gezielt. Zesumme mat der Provënz Nordirland, op der Insel Irland, bilden dës Länner an Inselen d'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland, wat dacks och einfach Groussbritannien genannt gëtt.

Deelstaat Haaptstad Fläch

(km²)

Awunner[1]

(Mëtt 2021)

Densitéit (Aw./km²)
England London 130.278[2] 56.536.000 434
Schottland (inkl. Hebriden, Orkney a Shetlandinselen) Edinburgh 77.925[3] 5.480.000 70
Wales Cardiff 20.735[4] 3.105.000 150
Groussbritannien 228.938 65.121.000 284

D'Kanalinselen an d'Insel Man gehéieren net zum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland, si gehéieren direkt der brittescher Kroun. Man a ganz Irland gehéieren awer geographesch zu de Britteschen Inselen, awer net d'Kanalinselen.

Den Numm vun der Insel kënnt dohier well et och „Klengbritannien“, d'Bretagne gouf. En alen Numm ass Albion.

Geologie a Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Extremitéite vun der Insel si Land's End an der Grofschaft Cornwall am Südwesten an John o’ Groats zu Caithness am Norde vu Schottland.

England ass gréisstendeels hiwweleg. Süd- an Ostengland sinn eng Schichtstufelandschaft a gehéieren zum jéngsten Deel vun der Insel. Déi eenzeg méi grouss flaach Däll sinn d'Fens tëscht Cambridge an dem Wash, op der Grenz tëscht Ost- a Mëttelengland. D'Pennines (oder Pennine Range) am Norde vun England gi bal ouni Broch an d'Uplands vu Südschottland iwwer. Ëstlech dervu sinn nees Hiwwellandschaften. An der Mëtt vu Schottland ass e Gruef, deen de Firth of Clyde mam Firth of Forth verbënnt, an deen an den Central Lowlands läit.

Ganz am Norde sinn d'Highlands, eng rau Bierggéigend, mat laanscht der Küst eng 80 virgelagert Inselen. Wales, dat duerch de Bristolkanal vu Südwestengland getrennt ass, ass och e Biergland.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Great Britain – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Population estimates for the UK, England, Wales, Scotland and Northern Ireland - Office for National Statistics. www.ons.gov.uk. Gekuckt de(n) 2023-08-19.
  2. (en)England Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-19.
  3. (en)Scotland Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-19.
  4. (en)Northern Ireland | History, Population, Flag, Map, Capital, & Facts | Britannica. www.britannica.com (2023-08-10). Gekuckt de(n) 2023-08-19.