Highlands

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Highlands
Pohled na Highlands.jpg
Land Vereenegt Kinnekräich
Koordinaten 57° 07’ 12’’ N
      04° 42’ 36’’ W
Dimensiounen
Scottish Highlands and Lowlands.png

D'Highlands (oder Schottescht Héichland) sinn eng Géigend am Nordweste vu Schottland. Si besteet aus Streecher mat Bierger, Munros genannt, ma och a wäiten Deeler aus Moueren ouni Beem.

Lag[änneren | Quelltext änneren]

D'Highlands gi vun den Central Lowlands duerch d'Highland Boundary Fault däitlech ofgegrenzt, déi südwestlech-nordëstlech vun Ardmore um Firth of Clyde duerch de südleche Loch Lomond bis Stonehaven beim Nordmier leeft. Déi administrativ Unitéit Highland (Council Area) ass just en Deel vun de geografeschen Highlands.

D'Highlands gi vun engem tektonesche Gruef, de Great Glen (glen ass op Gälesch en Dall) an d'Northwest Highlands an d'Grampian Mountains gedeelt. Am Great Glen sinn eng ettlech Séien, ë. a. de Loch Ness. Den héchste Bierg vun de britteschen Inselen, de Ben Nevis (1345 m), ass an de Grampian Mountains.

D'Highlands sinn notamment fir hir Whisky-Produktioun welwäit bekannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Martin Rackwitz: Travels to Terra Incognita. The Scottish Highlands and Hebrides in Early Modern Travellers' Accounts c. 1600 to 1800, 3 Bänn. Waxmann Verlag, Münster 2007. ISBN 978-3-8309-1699-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Scottish Highlands – Biller, Videoen oder Audiodateien
Pad bei de Ben Nevis.