Op den Inhalt sprangen

Insel Man

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Isle of Man)
Insel Man

Fändel vun der Insel Man

Wopen vun der Insel Man

Detailer

Detailer
National Devise: Quocunque Jeceris, Stabit (la)
Offiziell Sprooch: Englesch
Haaptstad: Douglas
 • Koordinaten: 54° 14’ 6’’ N
      4° 31’ 30’’ W
Staatsform: autonome Besëtz vun der brittescher Kroun
Fläch: 572 km²
Bevëlkerung: 83.314
Nationalhymn: Arrane Ashoonagh Dy Vannin
Wärung: Pond-Sterling
Zäitzon: UTC ±0
Internet TLD: .im
Internationalen
Telefonsprefix
:
+44

D'Insel Man (Englesch Isle of Man, Manx Ellan Vannin [ˈɛlʲən ˈvanɪn] oder gekierzt Mannin [ˈmanɪn]) ass eng vun de Britteschen Inselen a läit am Iresche Mier, tëscht Schottland (29 km ewech), England (48 km), Nordirland (52 km), Wales (71 km) an der Republik Irland (85 km).

Si ass autonome Krounbesëtz an ënnersteet direkt der brittescher Kroun, ouni datt s'en Deel vum Vereenegte Kinnekräich oder e Brittescht Iwwerséigebitt ass.

Zur Zäit wéi d'Vereenegt Kinnekräich Member vun der Europäescher Unioun war, bestoungen eng Rei Sonnerreegelen (d'EU-Recht huet deelweis gegollt an d'Zollrecht war applikabel), d'Insel Man war awer ni Member vun der EU.

Commons: Insel Man – Biller, Videoen oder Audiodateien