Diskussioun:Héich Konstruktiounen zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Kann een e Sendepoteau an eng Bréck als "Gebai" bezeechnen ? Wier "Bauwierker" net besser am Lemma?

dach. Z.

Nach eng Fro: Wéi héich muss eppes sinn datt et "héich" ass ?

ech giff soen, wa mer d'Dose voll hunn, hale mer op. Z.

--Fliedermaus 08:32, 21. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Moie, mir gefält de Begrëff "Bauwierker" besser, da kann een och eng Ennerdeelung "Gebäier", "Brécken", "Masten" maachen asw. ciao --Sultan Edijingo 09:03, 21. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Déi Lëscht schéngt mer zimmlech willkürlech. Ech hunn emol 3 Gebaier dobäigesat, déi sécher do dra gehéieren, hunn awer keng Anung, wat do nach esou feelt (Héichiewen, Waasser- a Kierchtierm, ...?). Gëtt et do keng komplett Quell? --Zinneke 10:14, 23. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Déi zwéin Tierm vum Europäesche Geriichsthaff an déi zwéin Tierm vum Parlament. Sinn dat net eventuell déi selwecht déi gemengt sinn. An deem Fall géif et mMn duergoe wann se eng Kéier an der Lëscht stinn. --Les Meloures 08:29, 7. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien, Neen, dat si verschiddener: déi vum Parlament sinn déi lénks a riets vum Bd Kennedy, wann ee vun der Rouder Bréck kënnt (hei ze gesinn); déi vum Justizhaff sinn déi gielzech-ocker, ëstlech vum "eelsten" Deel vum Geriichtshaff (Foto: hei.
Ok, merci fir d'Äntwert. --Les Meloures 12:48, 7. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

De Site Emporis gëtt aner Héichte fir d'EU-Geritstierm an d'RBC Dexia un, an en huet den Hilton op der Lëscht. Iwwregends kéint een hei jo den Zousaz "Dexia" elo sträichen. Wee kennt sech do aus? --Otets 16:15, 11. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]