Victor-Bodson-Bréck
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen

D'Bréck vun der Hesper Buerg gesinn.
D'Victor-Bodson-Bréck ass eng Schréiseelbréck zu Hesper iwwer den Uelzechtdall, iwwer déi op zweemol zwou Spueren d'Autobunn A1 féiert.
Se gouf 1993 fäerdeggebaut, ass 260 Meter laang, 27 Meter breet a féiert an enger Héicht vu 40 Meter iwwer d'Uelzecht. De Potto, un deem d'Seeler festgemaach sinn, huet eng Totalhéicht vun 102 Meter. Domat ass et eng vun den héchste Konstruktiounen zu Lëtzebuerg.
Se ass nom Victor Bodson, deen ë. a. Transportminister war, benannt.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Victor-Bodson-Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Bréck op der Websäit vu Ponts et Chaussées
- D'Bréck op der Websäit vu structurae.de/