Buerg Hesper

Vu Wikipedia
Buerg Hesper
D'Ruin vum Schlass, vun Osten gesinn
Typ Buerg,
Ruin
Land Lëtzebuerg
Gemeng Hesper
Plaz Hesper
Koordinaten 49°34'22"N, 6°9'18"O
Proprietär Privat
Statut Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter
D'Ruin vum Hesper Schlass
D'Hesper Schlass virun 1835, no enger Zeechnung vum Jean-Pierre Schmit
D'Hesper Schlass fotograféiert vum Charles Bernhoeft

D'Buerg Hesper ass eng Ruin op engem Hiwwel an der Uertschaft Hesper.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass ass warscheinlech aus dem 13. Joerhonnert, wéi d'Grofe vu Lëtzebuerg Hesper den Häre vu Rodemack ginn hunn, déi sech op d'Säit vun de Fransouse geschloen hunn, wéi d'Burgunder 1443 Lëtzebuerg eruewert hunn[1].

De Maximilian I. huet d'Schlass 1480, respektiv 1482 no Schluechte mam Gerard vu Rodemack ofrappe gelooss. 1492 huet hien et den Häre vu Baden iwwerdroen, déi et 1692 als Gage hu missen hierginn an eréischt 1740 erëmkritt hunn. 1796 hunn d'Fransousen d'Schlass eruewert, et gouf nationaliséiert a 1798 versteet.

D'Ruin gouf an de Joren duerno Stéck fir Stéck verkaf, an ëm 1820 gouf et 7 Haiser, déi um Terrain vun der Buerg, aus Steng vun der Buerg, gebaut waren.

D'Ruin ass haut nach ëmmer a Privatbesëtz. Si ass zanter dem 26. Juli 1990 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter agedroen[2].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Hesper – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zu der Geschicht, kuckt: "Hesperange: History", Association des châteaux luxembourgeois.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).