Op den Inhalt sprangen

Europäesche Stabilitéitsmechanissem

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Europäesche Stabilitéitsmechanissem
Memberlänner vum ESM (blo); aner EU-Länner (rout)

Den Europäesche Stabilitéitsmechanissem (kuerz ESM, en: European Stability Mechanism, fr: Mécanisme européen de stabilité) ass eng intergouvernemental Organisatioun, déi hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg huet. E gouf de 27. September 2012 duerch en Traité tëscht de Memberlänner vun der Eurozon, deen dunn a Kraaft getrueden ass, gegrënnt. En ass deemno onofängeg vun der Europäescher Unioun. Zanter Dezember 2022 ass de Pierre Gramegna Direkter (CEO) vum ESM.

Dem ESM seng Aufgab ass et, Memberstaate vun der Eurozon, déi iwwerschëlt sinn, mat Kreditter a Biergschaften (déi u Konditioune gebonne sinn) z'ënnerstëtzen an domat sécherzestellen, dass se solvabel bleiwen. En ass deemno en Deel vum sougenannten „Euro-Rettungsschierm“ an huet den 1. Juli 2013 d'Europäesch Finanzstabiliséierungsfacilitéit (EFSF) praktesch komplett ofgeléist.

Den ESM huet säi Sëtz an engem Gebai um Circuit de la Foire Internationale, um Eck mat der Rue Carlo Hemmer.

Tëscht 2024 an 2028 (Stand: Nov. 2023) soll en an engem neie Gebai um Kierchbierg säi Sëtz kréien, dat vum Bauteministère um Terrain tëscht der Rue Charles-Leon Hammes, der Rue Alcide de Gasperi, der Rue Albert Wehrer an der Rue Antoine de Saint-Exupéry gebaut gëtt, tëscht den Tierm vum Europäesche Geriichtshaff, dem Konrad-Adenauer-Gebai vum Sekretariat vum Europäesche Parlament an dem Jean-Monnet-2-Gebai, do, wou virdrun dat aalt Jean-Monnet-Gebai stoung.[1]

Et gëtt en Ensembel vun dräi Gebaier, wouvun nieft dem ESM, deen an e 70 m héijen Tuerm kënnt, och eng Staatsverwaltung an e weidere Locataire ënnerdaach komme sollen. E gouf e vun engem Architektebüro ronderëm EM2N-Architekte vun Zürich entworf.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Christophe Lemaire: "Les quatre tours qui vont transformer le quartier européen au Kirchberg." virgule.lu, 04.11.2023.