Eurogrupp
| Eurogrupp | |
|---|---|
|
| |
| Ënnersteet der/dem | Conseil vun der Europäescher Unioun |
| Gegrënnt | 4. Juni 1998 |
| Um Spaweck | http://www.consilium.europa.eu/es/council-eu/eurogroup/ |
|
| |
Den Eurogrupp bezeechent d'informell Reunioun vun de Finanzministere vun der Eurozon, déi politesch Decisiounen, déi den Euro betreffen, sollen ofschwätzen.
Funktioun
[änneren | Quelltext änneren]Éier den Traité vu Lissabon den 1. Dezember 2009 a Kraaft getruede war, war den Euro-Grupp just en informelle Grupp ouni juristesch Basis. Am Protokoll 14 vum Traité vu Lissabon steet iwwer den Eurogrupp:
Artikel 1: D'Ministere vun deene Memberstaaten, deenen hir Wärung den Euro ass, kommen informell zesummen. Sou Reunioune ginn ofgehalen, wann et néideg ass, fir Froen zu de spezifesche Responsabilitéiten ze diskutéieren, déi se zesummen am Bezuch op hir gemeinsam Wärung hunn. D'[Europäesch] Kommissioun ass bei deene Reunioune mat derbäi. D'Europäesch Zentralbank gëtt invitéiert, un deene Reuniounen deelzehuelen, déi preparéiert gi vun de Vertrieder vun de Ministeren aus deene Länner, déi den Euro als Wärung hunn, an déi fir d'Finanzen zoustänneg sinn.
Artikel 2: D'Ministere vun de Memberstaaten, deenen hir Wärung den Euro ass, wielen e President fir zwee an en halleft Joer mat der Majoritéit vun deene Memberstaaten.[1]
Ausserdeem goufen am neien Traité d'Reegele vum Conseil vun der EU geännert, datt wann den Ecofin-Conseil iwwer Saachen ofstëmmt, déi d'Eurozon betreffen, just déi Länner, déi den Euro hunn (d. h. d'Eurogrupp-Länner), doriwwer ofstëmmen däerfen.[2]
Presidenten
[änneren | Quelltext änneren]De Jean-Claude Juncker war vum 1. Januar 2005 bis den 20. Januar 2013 den éischte President vun dësem Grupp. Säi Mandat, dat ufanks op 2 Joer festgeluecht gi war, war am Ganze véiermol verlängert ginn. Den 13. Juli 2020 gouf de Paschal Donohoe President. Den 11. Dezember 2025 gouf de Kyriakos Pierrakakis President.
- Jean-Claude Juncker (2005 bis 2013)
- Jeroen Dijesselbloem (2013 bis 2017)
- Mário Centeno (2017 bis 2020)
- Paschal Donohoe (2020 bis 2025)
- Kyriakos Pierrakakis (zanter 2025)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Eurogrupp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Iwwersat vun: PROTOCOLS Protocol 14 of the Consolidated Treaties of the European Union (as amended by the Treaty of Lisbon), Official Journal of the European Union C (2008) 115, S. 201-328.
- ↑ Treaty of Lisbon (Provisions specific to member states whose currency is the euro), op EurLex.
