Pierre Gramegna

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Pierre Gramegna
Informal meeting of economic and financial affairs ministers (ECOFIN). Handshake, Eurogroup Toomas Tõniste and Pierre Gramegna (36840348840) CROP GRAMEGNA.jpg
Gebuer 22. Abrëll 1958
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Demokratesch Partei
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Pierre Gramegna, gebuer den 22. Abrëll 1958[1] zu Esch-Uelzecht[2], ass e lëtzebuergeschen Diplomat a Manager.

Hien ass zanter dem 5. Dezember 2018 Finanz- a Budgetsminister an der Regierung Bettel-Schneider-Braz. Déi selwecht Fonctiounen hat hie schonns 2013-2018 an der Regierung Bettel-Schneider.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Gramegna huet op der Universitéit Paris II Droit an Ekonomie studéiert, an ass direkt duerno an de lëtzebuergeschen diplomateschen Déngscht agetrueden.

Hien huet 5 Joer am Ausseministère geschafft, duerno war e 5 Joer Conseiller d'ambassade zu Paräis, 3 Joer Generalkonsul zu San Francisco a schliisslech 6 Joer Lëtzebuerger Ambassadeur zu Tokyo.[3]

No engem Joer als Chef vun der Direction des affaires européennes et des relations économiques internationales am Ausseministère gouf hien 2003 Direkter vun der Chambre de commerce. Hie blouf dat bis zu senger Ernennung zum Regierungsmember an der Regierung Bettel-Schneider.

Hie war vun 2004 bis 2008 President vum Verwaltungrot vun der Cargolux a Verwaltungsrotmember vun der Bourse, Société nationale de crédit et d'investissement, Office du ducroire, Luxexpo a BGL BNP Paribas.

De 4. Dezember 2013 gouf hien zum Finanz- a Budgetsminister an der Regierung Bettel-Schneider ernannt.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt.[4] Hien huet awer op dëst Mandat verzicht, fir op en neies Finanz- a Budgetsminister an der Regierung Bettel-Schneider-Braz ze ginn, déi aus deene Walen ervirgaange war.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre Gramegna – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. future-internet.uni.lu
  2. Biographie vum Pierre Gramegna op paperjam.lu
  3. "Pierre Gramegna sera le nouveau ministre des Finances." wort.lu, 14.10.13 15:25.
  4. elections.lu.
  5. Memorial B N° 103 vun 2012 mat der Lëscht vun de Leit déi 2012 eng national Auszeechnung kritt hunn