Protektorat

Vu Wikipedia

E Protektorat ass e staatlechen Territoire, deen deelweis onofhängeg ass an en Deel vu senger Souveränitéit un en anere Staat ofginn huet. E Protektorat gëtt generell mat engem internationalen Traité etabléiert, an deem e mächtege Staat engem méi schwaache Staat Schutz versprécht, an als Géigeleeschtung d'Kontroll iwwer bestëmmt Aspekter vun deem méi schwaache Staat senger Staatsgewalt iwwerhëlt, wéi zum Beispill d'Aussebezéiungen, d'Sécherheet oder d'Verwaltung. De méi schwaache Staat behält awer seng international Perséinlechkeet.[1][2]

Am Géigesaz zur enger Kolonie huet e Protektorat deemno nach eng gewëssen Autonomie.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

An der Geschicht gouf et vill verschidde Forme vu Protektorater. De Begrëff Protektorat gëtt zënter dem 19. Joerhonnert benotzt. Sou Schutzbezéiunge selwer gëtt et awer scho vill méi laang. Sou stoungen zum Beispill d'Kinnekräicher Numidien (am haitegen Algerien an Tunesien) a Pergamon (an der haiteger Tierkei) ënnert dem Schutz an der Kontroll vu Roum[3]. Spéider hunn d'europäesch Muechten d'Protektorater benotzt, fir nieft dem Kolonialismus hir global Dominanz auszebauen.[3]

Bis virum Éischte Weltkrich war zum Beispill Däitsch-Südwestafrika en däitscht Schutzgebiet. Marokko an Tunesien ware fréier franséisch Protektorater.[4] Tëscht dem Éischte Weltkrich an 1948 war Palestina, fréier en Deel vum Osmanesche Räich, e Protektorat vu Groussbritannien. Dacks gëtt d'Saarland vun 1947 bis 1956 als Protektorat vu Frankräich ugesinn.[5]

De Begrëff Protektorat gouf heiansdo och benotzt fir carrement eng Annexioun ze verstoppen, wéi zum Beispill am Fall vum sougenannte Protektorat Böhmen und Mähren am haitegen Tschechien, dat vum 16. Mäerz 1939 bis 1945 vun Nazidäitschland kontrolléiert gouf.[2]

Den 8. August 1949 hunn de Bhutan a säi grousst Nopeschland Indien e Frëndschaftstraité ënnerschriwwen, an deem de Bhutan zougestëmmt huet, der indescher Féierung am Beräich vun der Aussepolitik ze follegen. Indien krut awer kee Recht de Bhutan diplomatesch ze vertrieden. De Bhutan gouf also fräiwëlleg en indescht Protektorat an ass selwer fir seng Aussebezéiunge verantwortlech bliwwen. Zousätzlech huet Indien versprach, sech net am Bhutan seng intern Ugeleeënheeten anzemëschen.[6] Et gëtt awer och Fäll, an deenen d'Protektorat seng Souveränitéit als Staat verluer huet.[7]

Zënter 1974 ass den Norde vun der Insel Zypern, déi international net unerkannt "Tierkesch Republik Zypern", wéinst der Presenz vu ronn 30.000 tierkeschen Zaldoten, de facto e Protektorat vun der Tierkei.

A méi rezenter Zäit gi Bosnien an Herzegowina an de Kosovo wéinst dem groussen Afloss vun der internationaler Gemeinschaft op déi national Politk heiansdo als international Protektorater oder "Hallef-Protektorater" ugesinn,[8],[9],[10] och wann déi Bezeechnung net onëmstridden ass.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Definitioun op cnrtl.fr (gekuckt den 20. Februar 2019)
  2. 2,0 2,1 Definitioun op rechtslexikon.net (gekuckt den 20. Februar 2019)
  3. 3,0 3,1 Definitioun op britannica.com (gekuckt den 20. Februar 2019)
  4. Definitioun op wissen.de (gekuckt den 20. Februar 2019)
  5. Deutschlandfunk: Vom französischen Protektorat zum zehnten Bundesland (1. Januar 2017)
  6. Mohammed Bedjaoui - International Law: Achievements and Prospects, 1991, S. 51
  7. Sou ze liesen op International Law: Achievements and Prospects, 1991, S. 51 ouni awer e Beispill unzeginn
  8. European Western Balkans: Bosnia and Kosovo: Europe's Forgotten Protectorate (24. Februar 2017)
  9. The New Yorker: Bosnia’s Unending War (4. November 2015)
  10. New Vision: Why Kosovo has remained a UN protectorate (24. Juni 2017)