Patrick Santer

Vu Wikipedia
Patrick Santer
Gebuer 16. August 1970
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei CSV
Famill
Papp Jacques Santer

De Patrick Santer, gebuer de 16. August 1970 ass e lëtzebuergeschen Affekot an CSV-Politiker.

Zanter dem 27. Abrëll 1995 ass hien als Affekot um Barreau vu Lëtzebuerg ageschriwwen.

Hie war vum 12. Oktober 1999 bis de 5. Juni 2004 a vum 3. August 2004 bis den 11. Mäerz 2009 als Deputéierte vum Walbezierk Zentrum an der Chamber.

De 27. Abrëll 2009 gouf hien als Member vum Staatsrot nominéiert. Zanter dem 1. Abrëll 2019 ass hie Vizepresident vun där Institutioun.[1]

De Patrick Santer ass bestuet an huet eng Duechter. Säi Papp ass de fréiere Premierminister Jacques Santer.

Hie sëtzt am Verwaltungsrot vum russesche Grupp Sodrugestvo an hien ass President vum Verwaltungsrot vun der UniCredit International Bank Luxembourg.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.