Ferny Nicklaus-Faber
Ausgesinn
Ferny Nicklaus-Faber | |
---|---|
Gebuertsnumm | Fernande Suzanne Pierre Faber |
Gebuer |
2. November 1937 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 4. Dezember 2023 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Albert Nicklaus |
Papp | Ferdinand Faber |
D'Ferny Nicklaus-Faber, gebuer als Fernande Suzanne Pierre Faber[1] den 2. November 1937 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 4. Dezember 2023[2], war eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).[3]
Si gouf bei de Chamberwale vum 12. Juni 1994 eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt. Bei deene vum 13. Juni 1999 gouf si net direkt gewielt, ma ass am November 1999 fir de verstuerwenen Alphonse Theis nogerëtscht a blouf Deputéiert bis 2004.
Si war 1993 an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn.
Privates
[änneren | Quelltext änneren]D'Ferny Faber war d'Duechter vum Ferdinand Faber[1].
Si war mam Albert Nicklaus († 1987) bestuet; d'Koppel hat zwee Kanner.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2004)[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (fr)NAISSANCES. In: Luxembourg (1935), 3. Jg., nº 308, S. 6.. Luxembourg (1935) (04.11.1937). Gekuckt de(n) 07.12.2023.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 07.12.2023.
- ↑ Portrait vun der Ferny Nicklaus-Faber um Site vum Conseil National des Femmes Archivéiert de(n) 04.09.2005. Gekuckt de(n) 14.01.2013.
- ↑ Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004