Marcel Sauber

Vu Wikipedia
Marcel Sauber
Gebuer 3. Mee 1939
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Marcel Sauber, gebuer den 3. Mee 1939 zu Iechternach, ass e lëtzebuergesche Jurist an CSV-Politiker.

Hie war vum 16. Februar 1995 bis den 31. Dezember 1999 Buergermeeschter vun der Gemeng Walfer.

Hie gouf den 28. Juni 1985 als Member vum Staatsrot nominéiert. De 6. Dezember 1999 gouf hie Vizepresident vum Staatsrot bis hie vum 15. Januar 2001 bis den 11. Mäerz 2003 President vum Staatsrot war.[1]

Hien ass zanter dem 11. Mäerz 2003 als Deputéierte vum Walbezierk Zentrum an der Chamber, wou hien den Nofollger vum Willy Bourg gouf deen den 21. Februar 2003 gestuerwe war.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn