Joseph Schaack (1945)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Gewerkschaftler Joseph Schaack. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Joseph Schaack.
Joseph Schaack
Gebuer 26. Mäerz 1945
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei Demokratesch Partei

De Joseph Schaack, gebuer de 26. Mäerz 1945 an der Stad Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Politiker a Gewerkschaftler.

De Joseph Schaack gëtt mat 21 Joer Redakter - an der Steierverwaltung.

1975 fänkt hien un, sech an der Beamte-Gewerkschaft CGFP z'engagéieren, wou en 1995 Member vum Executivcomité gëtt. Och op europäeschem Plang ass hien an der Gewerkschaftsbeweegung aktiv. Hie gëtt 1981 Comitésmember vun der Union du Personnel des Finances en Europe, 1993 Generalsekretär an 1996 President dovun.

1999 kandidéiert de Joseph Schaack op der Lëscht vun der DP fir d'Chamberwalen. No de Wale gëtt hie Staatssekretär fir d'Fonction publique a fir d'Verwaltungsreform an der Regierung Juncker-Polfer (bis 2004).

Vum 1. November 2004 a bis de 4. Februar 2008[1] war de Joseph Schaack Direkter vun der Douanes- an Akziseverwaltung.

De Joseph Schaack ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Link op den Arrêté grand-ducal vun der Demissioun vum Jos. Schaack als Direkter vun der Douane
  2. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn