Op den Inhalt sprangen

Aloyse Bisdorff

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Aloyse Bisdorff
Gebuer 14. Abrëll 1933
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei KPL
Fonctioun Deputéierten

Den Aloyse Bisdorff, gebuer de 14. Abrëll 1933, ass e lëtzebuergesche Politiker (KPL) a pensionéierte Professer-Ingenieur.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Den Aloyse Bisdorff huet am Fuerschungsservice vun de Renault-Wierker zu Paräis geschafft, wou e sech vun 1958 un an enger Betribsgrupp vun der PCF engagéiert huet. 1963 koum hien hannescht op Lëtzebuerg a gouf do Member vun der KPL. Uganks 1970 gouf hie Member vum Zentralkomitee vun der KPL, a war vun 1990 bis 1999 Parteipresident.[1]

Vun 1969 bis 1999 war hie Conseiller am Escher Gemengerot, eng Zäitchen dovun och Schäffen.[1]

Den Aloyse Bisdorff war vun 1977 bis 1989 a vu Mëtt 2000 bis Mëtt 2002 Deputéierten an der Chamber, an deemno bis haut (Dez. 2024) dee leschte KPL-Deputéierten.[2]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 "Herzlichen Glückwunsch, Aloyse Bisdorff, zum 90. Geburtstag!" zlv.lu, 15.04.2023 (nogekuckt: 05.12.2024).
  2. Wéinst der gemeinsamer déi Lénk-KPL-Lëscht war dat lescht Mandat offiziell e Mandat fir déi Lénk, mä de Bisdorff war offiziell e Member vun der KPL a weeder säi Virgänger den André Hoffmann nach säin Nofollger de Serge Urbany waren (nach) an där Partei. D'KPL krut zënterhier kee Sëtz méi an der Chamber.