Georges Wohlfart

Vu Wikipedia
Georges Wohlfart
Gebuer 13. Juli 1950
Hielem
Gestuerwen 13. Februar 2013
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Politiker, Dokter
Partei LSAP
Famill
Papp Joseph Wohlfart
Geschwëster Roger Wohlfart

De Georges Wohlfart, gebuer den 13. Juli 1950 zu Hielem a gestuerwen den 13. Februar 2013[1], war e Lëtzebuerger Politiker.

Hien huet zu Léck Medezin studéiert an huet sech 1980 zu Housen als Dokter etabléiert.

1984 ass hien am Walbezierk Norden, op der Lëscht vun der LSAP, als Deputéierten an d'Chamber gewielt, an 1989 erëmgewielt ginn. 1989 gouf e Staatssekretär fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun an der Regierung Santer-Poos II.

1994 erëmgewielt, gouf de Georges Wohlfart an der Regierung Santer-Poos III, a vun 1995 un an der Regierung Juncker-Poos, zousätzlech Staatssekretär fir Ëffentlech Aarbechten. No der Demissioun vum Johny Lahure, am Februar 1998, gouf hien a senger Plaz Gesondheetsminister an zousätzlech Minister fir Sport a Sporterzéiung.

1999 gouf en erëm an d'Chamber gewielt an ass Deputéierte bliwwe bis hie bei de Chamberwalen am Juni 2004 net méi zeréckgewielt gouf.[2]

De Georges Wohlfart war vun 1996 bis 1998 President vun der Fédération du sport cycliste luxembourgeois[3] an 10 Joer laang Dokter beim Tour de Luxembourg.

Säi Papp war de Joseph Wohlfart.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Georges Wohlfahrt ist tot." tageblatt.lu, 13. Februar 2013 18:00; Akt: 13.02.2013 19:25.
  2. Déi offiziell Resultater vun de Chamberwalen 2004
  3. Dirigenten Der FSCL von 1917 bis 2011 - Präsidenten, Bressler, Henri, Fernand Thill, 2011: Die Geschichte des Luxemburger Radsport. Band 2. Fahrer und Vereinigungen., Éditions Schortgen, ISBN 978 2 87953 115 1, S. 156
  4. Memorial B n° 52 vun 1998 mat der Lëscht vun de Leit déi 1998 eng national Auszeechnung kritt hunn
  5. Bulletin d'information et de documentation Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg: Les négociations de coalition et la formation du nouveau gouvernement