Joseph Wohlfart

Vu Wikipedia
Joseph Wohlfart
Gebuer 5. Juni 1920
Hielem
Gestuerwen 5. Juli 2000
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Famill
Kanner Georges Wohlfart, Roger Wohlfart

De Joseph ("Jos") Wohlfart, gebuer de 5. Juni 1920 zu Hielem, an och do gestuerwen de 5. Juli 2000, war e Lëtzebuerger Politiker.

Am Zweete Weltkrich war de Jos Wohlfart zwangsrekrutéiert ginn a gouf nom Krich ee vun de Matgrënner an 1. Vizepresident vun Ons Jongen, enger Lobbyorganisatioun vun den Zwangsrekrutéierten.

1948 ass hien an d'LSAP agetrueden, wou hien ë. a. President vun der Zirkonskriptioun Zentrum a Member vum Comité-directeur war.

Vun 1950 un war hie Gemengerot vu Luerenzweiler a vun 1961 bis 1974 Buergermeeschter vun do.

1954 ass hie fir d'éischt an d'Chamber gewielt ginn, a bis 1984 ëmmer nees erëmgewielt ginn. 1988 ass hie fir d'Lydie Schmit, déi gestuerwe war, am Europaparlament nogeréckelt. Do war hien och scho vun 1964 bis 1974 Deputéierten.

De Jos Wohlfart war och vun 1957 bis 1963 Member vum interparlamentaresche Rot vum Benelux. Vun 1974 bis 1979 war hien Inneminister an der Regierung Thorn-Vouel-Berg. Hie war och President vun der Association des villes et communes luxembourgeoises a war Grënnungsmember vun der Union des Régions Capitales de la Communauté Européenne (URCCE), wouvun en 1980 - 1983 President war.

1983 gouf e President vun der Aktioun Ëffentlechen Transport a war vun 1991 bis 1997 President vun der AMIPERAS.

De Jos Wohlfart war de Papp vum Georges Wohlfart a Roger Wohlfart.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]