Jean Huss
Jean Huss | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 26. Mäerz 1947 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | déi gréng |
![]() |
De Jean ("Muck") Huss, gebuer de 26. Mäerz 1947 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen déi gréng- Politiker.
De Jean Huss, dee vu Beruff Professer ass, war bis 1983 an der sozialistescher Partei, a war ee vun de Grënner vun déi gréng. Hie setzt sech virun allem fir eethesch a sozial Theemen an, a war och Corapporteur vum Gesetz iwwer d'Depenaliséierung vun der Euthanasie zu Lëtzebuerg.
Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]
Hie war vum 1. Januar 1988 bis den 31. Mäerz 1990 a vum 1. Januar 1994 bis den 31. Januar 1995 Conseiller am Escher Gemengerot. Dono war hien nees vu Juni 2000 bis Januar 2014[1] Conseiller vun der Gemeng Esch-Uelzecht.
Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]
Hie war vum 16. Juli 1984 bis de 14. September 1987 a vum 18. Juli 1989 bis den 11. Oktober 1992 Deputéierten an der Chamber. Vum 18. Juli 1994 u war hien nees Deputéierten; hie gouf 1999, 2004 an 2009 erëmgewielt.
De 6. Juli 2011 huet hie säi Mandat néiergeluecht a gouf vun der Josée Lorsché ersat.
Aner Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]
Nieft der institutioneller Politik ass de Jean och aktiv bäi AKUT.
Gielercher[änneren | Quelltext änneren]
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2008)[2].
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Merci Muck!" Communiqué op deigreng.lu, 2014-01-18.
- ↑ Copie vum Quotidien vum 19. juni 2008 op der Websäit vun der Chambre de Commerce Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-01-16.