Ernest Simons
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Ernest Simons | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Ernest-Charles-Damien Simons |
| Gebuer |
17. Januar 1835 Dikrech |
| Gestuerwen |
11. Abrëll 1873 Metz |
| Doudesursaach | Apoplex |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Athénée de Luxembourg |
| Aktivitéit | Politiker, Affekot |
| Fonctioun | Generaldirekter vum Interieur, Finanzminister, Generaldirekter fir Bauten, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Auszeechnungen | Officier vun der Légion d'honneur, Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne, Commandeur vum Ordre de Léopold |
| Famill | |
| Papp | Charles-Mathias Simons |
|
| |
Den Ernest-Charles-Damien Simons, gebuer[1] de 17. Januar 1835 zu Dikrech, a gestuerwen[2] den 11. Abrëll 1873 zu Metz, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
Duerch kinneglech-goussherzogleche Beschloss vum 16. Abrëll 1861 krut hien eng Nominatioun[3] als Affekot beim Staatsrot.
Vun 1860 bis 1864 war hien, als Gewielte vum Kanton Réimech[4], Member[5] vun der Assemblée des États.
An der Regierung de Tornaco war hie vum 31. Mäerz 1864 bis de 26. Januar 1866 Generaldirekter fir den Interieur a Bauten, a vum 26. Januar 1866 bis den 3. Dezember 1866 Generaldirekter fir Finanzen.
Hie war vun 1869 bis 1872 als Deputéierten[6] vum Kanton Lëtzebuerg[7] an der Chamber.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 20, S. 392 (BNL)
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 20, S. 393 (BNL)
- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 16 (avril 1861) am Mémorial, Zweeten Deel, N° 21 vum 29. Abrëll 1861, S. 178
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 20, S. 392 (BNL)
- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 528
- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 529
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 20, S. 392 (BNL)
