Emile Colling

Vu Wikipedia
Emile Colling
Gebuer 12. Abrëll 1899
Klierf
Gestuerwen 16. September 1981
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Famill
Kanner François Colling

Den Emil(e) Colling, gebuer den 12. Abrëll 1899 zu Klierf a gestuerwen de 16. September 1981, war e lëtzebuergeschen Dokter, Politiker an Auteur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Emile Colling ass zu Klierf als jéngst vu 6 Kanner op d'Welt komm. No senger Première am Kolléisch huet hien zu Stroossbuerg, Nanzeg, Freiburg a Köln Medezin studéiert. 1925 huet hie sech zu Esch-Uelzecht als Dokter néiergelooss, an do, virun allem am Quartier Grenz, praktizéiert.

1945 gouf hien zum éischten Direkter vun der Santé publique ernannnt. Hie gouf am selwechte Joer Direkter vum Thermalbad Munneref a Member vun der Assemblée consultative.

Politesch huet hie sech an der nei gegrënnter CSV engagéiert. Hien ass 1945 an den Escher Gemengerot gewielt ginn an als Deputéierten aus dem Bezierk Süden an d'Chamber. 1948 a 1954 ass en an d'Chamber erëmgewielt ginn.

1954 ass en an der Regierung Bech-Bodson zum Minister fir Landwirtschaft an ëffentlech Gesondheet ernannt ginn. Dës Portefeuillën huet e vun 1958 bis 1959 an der Regierung Frieden bäibehalen. Duerno war en, bis 1964, ënner dem Pierre Werner, Minister fir Aarbecht a sozial Sécherheet, an dunn, bis 1967, zoustänneg fir Landwirtschaft a Wäibau, Famill, Bevëlkerung a sozial Solidaritéit.

1967 gouf hien zum Ambassadeur vu Lëtzebuerg beim Hellege Stull ernannt (bis 1974).

Den Emile Colling war de Papp vu 5 Kanner, dorënner de François Colling.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Dokter vun der Grenz. E Stéck Escher Chronik vum Emil Colling, 1899 - 1981. (2005). ISBN 2-9599671-0-0
  • De Fuuss am Krich. Eng lëschteg Reimerei iwwer eng eescht Geschicht (1978).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. A l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (4. Abrëll 1964). Gekuckt de(n) 2023-01-24.