François Colling
Ausgesinn
François Colling | |
---|---|
Gebuer |
5. Mäerz 1940 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
18. Oktober 2024 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | ETH Zürich |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur |
Partei | CSV |
Member vun | Europäesche Rechnungshaff |
Famill | |
Papp | Emile Colling |
De François Colling, gebuer de 5. Mäerz 1940 zu Esch-Uelzecht an och do gestuerwen den 18. Oktober 2024[1][2], war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
Hien huet op der ETH zu Zürich Elektrotechnik studéiert. Vun 1965 bis 1972 huet hien zu Geel am Institut fir Referenzmaterialien a Miessunge geschafft, a vun 1972 bis 1995 op der ARBED am Informatiksberäich.
1979 ass hien op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber gewielt ginn, an 1984, 1989 an 1994 erëmgewielt ginn. Tëscht 1984 an 1995 war e President vun der CSV-Chamberfraktioun. Vun 1996 bis 2006 war hie Member vum Europäesche Rechnungshaff.
De François Colling ass de Jong vum Dr. Emile Colling.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Fréieren CSV-Politiker François Colling ass dout." 100komma7.lu, 19.10.2024.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 23. Oktober 2024