Émile Hamilius
Émile Hamilius | |
---|---|
Gebuer |
16. Mee 1897 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
7. Mäerz 1971 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller, Politiker |
Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
Gréisst | 176 cm |
Gewiicht | 80 kg |
Veräin/Ekipp |
Fola Esch, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1920 |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Kanner | Jean Hamilius |
Den Émile Hamilius (Mulles genannt), gebuer de 16. Mee 1897 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 7. Mäerz 1971 an der Stad Lëtzebuerg, war e Politiker vun der DP an e Foussballspiller.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Émile Hamilius huet seng Carrière als Lëtzebuerger Offizéier ugefaangen. Hie war duerno haaptberufflech Geschäftsmann an huet dat bekannt Haushaltswueren- a Spillwueregeschäft Lassner zu Lëtzebuerg um Knuedler geleet.
Sportler
[änneren | Quelltext änneren]A senger Jugend war hie Foussballspiller an der CS Fola Esch an huet den 28. August 1920 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp op den Olympesche Spiller zu Antwerpen gespillt. Den 13. Januar 1924 huet hien nach emol an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp gespillt.[1]
Hie war vun 1950 bis 1961 President vun der Lëtzebuerger Foussballfederatioun (FLF).
Politiker
[änneren | Quelltext änneren]Den Émile Hamilius war Matgrënner vun der GPD (Groupement Patriotique et Démocratique), der spéiderer Demokratescher Partei (DP). Vun 1946 bis 1963 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Hie war och Deputéierten an der Chamber: 1937-1940; 1945-1958 an 1959-1964.
Säi Bouf, de Jean Hamilius, war och an der DP engagéiert, a vun 1974 bis 1979 Member vun der Regierung Thorn-Vouel-Berg.
De Centre Émile-Hamilius an d'Émile-Hamilius Plaz an der Stad goufen no him genannt.
Gielercher[2]
[änneren | Quelltext änneren]- Grand Officier vum Ordre de la couronne de chêne
- Grand Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
- Commandeur vun der Légion d'honneur
- Grand Officier vum Ordre de la Couronne de Belgique
- Grand Officier vum Ordre de Léopold ÎI
- Commandeur vum Ordre d'Orange-Nassau
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Émile Hamilius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Gaston Diderich |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1946 - 1963 |
Nofollger: Paul Wilwertz |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Émile Hmailius op der Websäit vun European Football
- ↑ Doudesannonce vum Emile Hamilius am Luxemburger Wort vum 8. Mäerz 1971 op der Säit 13 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 3. Januar 2023
- Gebuer 1897
- Gestuerwen 1971
- Lëtzebuergesch Olympionicken
- Spiller vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp
- Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Membere vun der Assemblée consultative
- Grand officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Grand officier de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand-Officier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
- Grosses Bundesverdienstkreuz mit Stern
- Commandeur de la Légion d'honneur
- Grand Officier vum Ordre de la Couronne
- Grand officier de l'ordre de Léopold II
- Commandeur vum Ordre d'Orange-Nassau