Michel Ewen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Michel Ewen
Gestuerwen 1974
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Michel Ewen, gestuerwen 1974 am Alter vun 72 Joer, war e lëtzebuergesche Resistenzler a Politiker (LSAP).[1]

Hie gouf bei de partielle Chamberwale vum 3. Juni 1951 fir d'éischt als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Hie gouf bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954, genee sou wéi bei de Chamberwale vum 1. Februar 1959 a bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964 erëmgewielt ginn. Hien huet säi Mandat bis zum Enn vun der Legislaturperiod 1968 behal.

Hie war 1969 manner wéi ee Joer laang Buergermeeschter vun der Gemeng Dikrech.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Noruff op de Michel Ewen an der 57. Sëtzung vun der Chamber vum Sëtzungsjoer 1973-74 den 2. Abrëll 1974
  2. De Michel Ewen war nëmme ganz kuerz Buergermeeschter vun Dikrech op culture.diekirch.lu