Diskussioun:Partei vun de Baueren, dem Mëttelstand an den Aarbechter

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

aus Virwëlz: wéi stoung dës Partei vis-à-vis vun der Baueren- a Mëttelstandspartei? Ausser, dass se "Aarbechter" am Numm hat, an een dofir vläit eng méi "lénks" Positiounéierung unhuele kéint, wéi war d'politesch Ausriichtung vun deenen zwou (déi jo allebéid just am Norden ugetratt sinn)?--Zinneke (Diskussioun) 12:39, 15. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]

Ech hu bis elo just op d'Resultater gekuckt, nach net genee wat iwwer déi verschidde Parteie geschriwwe ginn ass. Ech huelen un, datt do een no interne Streidereien einfach eng nei Partei mat bal dem selwechten Numm gegrënnt huet, mee dat si just Spekulatiounen. Wann ech eppes méi erausfannen, setzen ech et dobäi. --Bdx (Diskussioun) 12:47, 15. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]