Op den Inhalt sprangen

Vëlospist PC1

Vu Wikipedia
Vëlospist PC1
Schëld zu Fenteng
Alternativen Numm Itinéraire cyclable du centre
Lëtzebuerger Numm Zentrumspist
vu(n) Gronn
op Gronn
Längt 43 km
déifste Punkt Beggen
héchste Punkt Biergerkräiz
Land Lëtzebuerg
OpenStreetMap Vëlospist PC1
Geplangte Verlaf vun der Vëlospist PC1

D'Vëlospist PC1 (och nach Zentrumspist, Itinéraire cyclable du centre[1]), ass eng vun de 40 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[2].

Et muss ënnerscheet ginn tëscht dem aktuelle Verlaf (Stand: 2025) vun der PC1 an deem geplangten; si hu komplett aner Tracéen.

D'PC1 ass 43 km laang a féiert vum Gronn aus an engem Bou ëm d'Stad Lëtzebuerg nees dohinner zeréck. Den déifste Punkt (230 m) ass zu Beggen an den héchsten (375 m) um Biergerkräiz. Mat Ausnam vun e puer Deeler op der Kockelscheier (2,9 km) an am Bambësch (6,1 km) ass se iwwerall macadamiséiert.

Zanter dem 25. Mäerz 2022 leeft d'PC1 tëscht Beggen an dem Raspert zu Dummeldeng op enger Streck vu ronn engem Kilometer net méi iwwert d'Strooss, ma iwwert e sonnere Wee fir Foussgänger a Cyclisten[4][5].

Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften (am Sënn vun der Auer): Lëtzebuerg-Gronn, Polvermillen, Gantebeensmillen, Izeger Stee, Hesper, Fenteng, Kockelscheier, Zéisseng, Märel, Belair, Stroossen, Reckendall, Bambësch, Biergerkräiz, Juegdschlass, Beggen, Dummeldeng, Eech a Pafendall.

Déi geplangt Streck vun der PC1 geet um Kierchbierg bei der Luxexpo fort a féiert iwwer d'Pôle-d'échangë Rout Bréck - Pafendall, Gare Centrale, Lycée Bouneweg, Houwald a Cloche d'or. De facto existéiert se praktesch komplett, wann och ouni Nummer. Si verleeft gréisstendeels parallel zu der Tramslinn T1. Dee spektakuläesten Deel ass deen iwwert d'Vëlos-Passerell ënnert der Neier Bréck.

D'Streck verleeft och zum gréissten Deel iwwer Vëlospisten, déi vum motoriséierten Trafic a vun de Foussgänger getrennt sinn. Just op e puer kuerzen Deelstécker, wou et méi enk ass, si Vëlosfuerer a Foussgänger gemëscht.

Se kritt Uschloss u follgend Pisten:

An der Géigend vum Lycée Vauban ass eng Niewestreck 1a virgesinn, déi en Uschloss un d'PC33 an der Aktivitéitszon Cloche d'or erméiglecht.

D'Zentrumspist huet aktuell[3] ënnerwee Uschlëss un aner Pisten (am Sënn vun der Auer):

Alen Trajet

Neien Trajet

Commons: Vëlospist PC1 – Biller, Videoen oder Audiodateien


D'Vëlospist PC1 op:

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. esou genannt am Artikel 4 vum Gesetz vum 28. Abrëll 2015; mat der Ännerung vum 20. Dezember 2019 ass déi Bezeechnung ewech gefall an d'Vëlospist gëtt just nach mat der Nummer ernimmt.
  2. Loi modifiée du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2024
  3. 3,0 3,1 op Basis vum Gesetz vun 2015
  4. Frank Weyrich, Sicher mit dem Rad unterwegs, Luxemburger Wort vum 24. Mäerz 2022
  5. (fr)PC du centre: le kilomètre supplémentaire qui change tout !. travaux.public.lu (25.03.2022). Gekuckt de(n) 02.06.2024.
  6. am Kader vum Gesetz vun 2019