Vëlospist PC27

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vëlospist PC27
offiziellen Numm Itinéraire cyclable Kiischtendall
Lëtzebuerger Numm Kiischtendallspist
vu(n) Stadbriedemes
op Sandweiler
Land Lëtzebuerg


D'Vëlospist PC27, och nach Kiischtendallspist, offiziell Itinéraire cyclable Kiischtendall, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].

Streck[änneren | Quelltext änneren]

Déi geplangt PC27 féiert, wann se bis fäerdeg ass, vun der Polvermillen an der Stad Lëtzebuerg duerch den Hammer Dällchen iwwer Conter bis op Stadbriedemes.

Bis ewell besti just Deelstécker dovun (Stand 2023).

Uschlëss un aner Pisten[änneren | Quelltext änneren]

D'Kiischtendallspist kritt ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

Beim Neibau vun der Gare Zens-Hamm an de Stroosse ronderëm, goufen eng ronn 400 m Vëlosweeër ugeluecht, déi en Deel vun der geplangter PC27 sinn[2].

Dat Stéck vun dëser Gare laanscht d'Eisebunnsstreck, bis an d'Rue Mc-Adam, feelt nach (Stand 2023). Vun do aus gëtt et zanter 2023 en Deelstéck, dat ënnert der A1 erduerch, duerch eng autofräi Strooss (Val du Scheid) nërdlech laanscht den Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm, bis bei d'Kräizung mam CR159 um Scheedhaff féiert.[3]

Vun do soll et dann an Zukunft laanscht de Bord vum Bësch vun der Hueschwiss iwwer eng nei Strooss goen, déi dann an der Industriezon vu Conter erauskéim.

Och en 1,4 km laangt Stéck laanscht d'Conter Industriezon Weiergewan gëtt et schonns.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vëlospist PC27 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt de 16. Juni 2019
  3. " PC 27: Der Radweg zwischen Pulvermühle und Contern kommt nur schleppend voran." wort.lu [w+], 2023-03-15.