Vëlospist PC21
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() D'Vëlospist PC21 bei der Buergplaz, a Richtung Ëlwen | |
offiziellen Numm | Itinéraire cyclable du nord |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Nordpist |
vu(n) | Kautebaach |
op | Wämperhaart |
Längt | 47 km |
déifste Punkt | Kautebaach |
héchste Punkt | Wämperhaart |
Land | Lëtzebuerg |
D'Vëlospist PC21, och nach Nordpist, offiziell Itinéraire cyclable du nord, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
Streck[änneren | Quelltext änneren]
Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC21 iwwer 47 km vu Kautebaach op d'belsch Grenz (tëscht der Wämperhaart an der Schmëdd). Den déifste Punkt (252,85 m) ass zu Kautebaach (Duerfstrooss) an den héchsten (549,13 m) bei der Wämperhaart (Bei der Stawelterstrooss)[2].
Se féiert da laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Kautebaach, Lellgen, Pënsch, Reiler, Klierf, Eeselbuer, Boxer, Saassel, Pafemillen, Ëlwen a Wilwerdang.
Aktuell sinn awer eréischt zwéin Deeler, mat am Ganzen 18,27 km realiséiert[3]:
- vu Kautebaach bis op Wëlwerwolz a
- vun Ëlwe bis op d'belsch Grenz.
Uschlëss un aner Pisten[änneren | Quelltext änneren]
D'Nordpist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- Mëttelsauerpist (PC16) a Pist vun der Wolz (PC20) zu Kautebaach,
- Ardennerpist (PC22) zu Wëlwerwolz,
- Pist vum Éisleker Plateau (PC36) zu Ëlwen.
Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]
Vun der Vëlospist PC21 feelt nach de mëttelsten Deel tëscht Wëlwerwolz an Ëlwen.
Biller[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Vëlospist PC21 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'PC21 op der Websäit vun de Ponts et chaussées
- Iwwersiichtkaart mat de Vëlospisten op der Websäit vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn
- ↑ Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt de 16. Juni 2019