Op den Inhalt sprangen

Nationale Vëlosreseau

Vu Wikipedia

Den nationale Vëlosreseau (oder d'nationaalt Vëlosnetz) begräift déi Vëlosweeër déi d'Verbindunge maachen tëscht de wichtegsten Aarbechts- a Bildungszentren oder de Pôle-d'échangen (Garen, Park-and-riden, …) zu Lëtzebuerg, grad ewéi zwéi Vëlosexpressweeër vun der Stad Lëtzebuerg aus, engersäits op Esch-Uelzecht an anersäits op Beetebuerg.

Zum nationale Vëlosnetz gehéiert awer och d'Realisatioun vun touristesche Strecke vun nationaler oder internationaler Bedeitung wéi z. B. den Uschloss op lëtzebuergeschem Territoire un de RAVeL-Reseau, d'Vennbunn oder d'Pist EuroVëlo 5 an och d'Ubannung u Fräizäitgebidder wéi de Stauséi, den Haff Réimech, d'Esplanade laanscht d'Musel, den Dall vun der Wäisser Iernz oder den Naturpark Uewersauer[1].

D'Käschte fir de Bau an d'Sanéierung vun der nationaler Vëlosinfrastruktur ginn zu Laaschte vum Staat, mat Ausnam vun de Gemengestroosse bannent enger Uertschaft, déi vun de jeeweilege Gemenge gedroe ginn. Dat selwecht gëllt fir den Ënnerhalt an d'Beschëlderung vun de Vëlospisten, ausser de Vëlosexpressweeër, fir déi d'Bauverwaltung eleng zoustänneg ass[2].

Entwécklung[1][änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Gesetz iwwer d'national Vëlosweeër geet op 1999 zeréck[3]. D'Zil war sengerzäit fir eng legal Basis fir den Opbau vun engem nationalen Netz ze schafen, woubäi et sech haaptsächlech ëm Vëlosweeër fir Sport- an Tourismuszwecker gehandelt huet. Et war deemools e Reseau vun 950 Kilometer geplangt, wouvun 280 km scho bestoungen an der bis 2015 nach 320 km sollten derbäi kommen.

Mam Gesetz vun 2015[4] koum et dunn zu engem reegelrechte Paradigmewiessel. De Vëlo sollt net just als Fräizäitbeschäftegung ënnerstëtzt ginn, ma den Undeel vun der aktiver Mobilitéit fir déi alldeeglech Deplacementer sollt – mam Abanne vum ëffentlechen Transport – kontinuéierlech eropgesat ginn. Et gouf deemno ugestrieft fir de Vëlo haaptsächlech als ëmweltfrëndlecht, rouegt a flexibelt Transportmëttel unzegesinn, dat fir kuerz Trajeten och dacks méi séier wéi den Auto ass. D'Gesetz vun 2015 huet eng Rei vu Strecken agefouert, déi fir déi deeglech Trajete sollte gebraucht ginn. Méi spéit gouf du mat der Strategie Modu 2.0 d'Wichtegkeet vum Vëlo als Transportmëttel nach méi verstäerkt. Als Resultat dovu goufe mam neie Gesetz vun 2019[5] Bedierfnesser fir zousätzlech Vëlosweeër festgestallt, entweder fir wichteg Pendelverbindungen ze definéieren, fir Strecke virzeesinn, déi ursprénglech net geplangt waren oder fir Vëlosweeër an zukünftege grousse Stroossebauprojeten z'integréieren. Zousätzlech goufen och Deeler vu Vëlospisten aus dem nationale Vëlosreseau erausgeholl, well se de Qualitéitskrittären a punkto Sécherheet, Confort oder direkt Verbindung net (méi) entsprach hunn.

Dem aktuelle Gesetz no besteet dat nationaalt Vëlosnetz, wann et bis fäerdeg ass, aus 1.102 km, déi sech esou zesummesetzen[6][7]:

  • 605 km sinn am Gebrauch, dovu 95 km am Mëschverkéier mam Autostrafick
  • 610 km kommen derbäi, wouvun 180 km bestinn a 430 km nei gebaut musse ginn
  • 113 km ginn deklasséiert.

Am Verglach mam Gesetz vun 2015 ass et deemno e Plus vun 83 km Vëlospisten.

Pro Kilometer Vëlospist deen nei gebaut muss ginn, gëtt e Budget vu 587.000 Euro geschat. Déi Fraise begräifen de Stroossebau, de Bau vun Ouvrage-d'arten, d'Etüden an eventuell Kompensatiounsmoossnamen[6].

Lëscht vun den nationale Vëlospisten[änneren | Quelltext änneren]

Opgepasst: Dës Lëscht baséiert um Gesetz vun 2019. D'Numerotatioun ass deelweis anescht wéi déi, déi et bis dohi gouf, an déi - Stand 2024 - nach ëmmer op de Schëlter ze gesinn ass.

Lëscht vun de nationale Vëlospisten op Basis vum Gesetz vun 2019[8]
Pist Beschreiwung Uschloss
Verbindung vum Pôle d'échanges Luxexpo iwwer Rout Bréck - Pafendall - Gare Centrale - Lycée Bouneweg - Houwald op d'Cloche d'or.

Leeft parallel zu der Tramslinn T1.

  • PC2, PC11, PC13, PC15a, PC31, PC33, PC103, PC104
  • iwwer d'Antenn 1a mat der PC33 op der Cloche d'or
Vun der Dummeldenger Gare iwwer de Kierchbierg, Héienhaff, Sennengerbierg, Iernster, Guedber, Lënster Lycée, Jonglënster, Bech op Iechternach.

Leeft zu engem groussen Deel op der fréierer Streck vun der Schmuelspuerbunn Chareli.

Vu Schengen iwwer Rëmerschen, Réimech, Stadbriedemes, Éinen, Waasserbëlleg, Rouspert, Iechternach, Reisduerf op Veianen.

Leeft um Stéck laanscht d'Sauer op Deelerstécker vun der fréierer Schmuelspuerbunn Ettelbréck-Waasserbëlleg.

  • PC2, PC4, PC6, PC11, PC15, PC22a, PC26, PC27
  • op den däitsche Reseau zu Schengen, Gréiwemaacher, Waasserbëlleg, Iechternach a Reisduerf
Vu Mäertert iwwer Mënjecker, Wecker, Betzder, Ouljen, Roudemer op Iernster
Vu Jonglënster iwwer d'Fiels, Miedernach, Iermsdref bis westlech vu Reisduerf
  • PC2, PC15, PC24, PC29
Vun Esch-Uelzecht iwwer Schëffleng, Näerzeng, Beetebuerg, Peppeng, Fréiseng, Uespelt, Munneref, Elleng, ZAE Triangle Vert op Rëmerschen
  • PC3, PC8, PC10, PC11, PC37, PC103, PC104,
  • iwwer d'Antenn PC6a mat der PC104 zu Féiz via ZAE Herbett an ZAE Féiz
  • iwwer d'Antenn PC6b mat der PC8 zu Keel
  • iwwer d'Antenn PC6c mat der PC8 via ZAE Scheleck
  • iwwer d'Antenn PC6d bei d'Thermalbad, de Munnerëffer Lycée an de Vëlodrom
Vun Dikrech iwwer ZAE Fridhaff, Houschent[9], Housen, Maarnech, Hengescht, Wäiswampech bis op d'Buergplaz
  • PC16, PC21, PC22
  • iwwer d'Antenn PC7a mat der PC15 a PC16 via Ierpeldeng-Sauer
  • iwwer d'Antenn PC7b mat der PC21
Vu Péiteng$ iwwer Nidderkuer, Déifferdeng, Bieles, Belval, Esch-Uelzecht, Rëmeleng, Keel, Eurohub Sud, ZAE Krakelshaff op Beetebuerg
  • PC6, PC6b, PC6c, PC12, PC36
  • iwwer d'Antenn PC8a mat der PC36
  • iwwer d'Antenn PC8b op Biereng, via Terminal Eurohub
  • iwwer d'Antenn PC8c op Diddeleng via ZAE Riedgen
  • iwwer d'Antenn PC8d bei de Beetebuerger Märchepark
Vun der ZAE Éilereng iwwer Suessem, Lampech, Recken op Leideleng
  • PC10, PC104
  • iwwer d'Antenn PC9a vu Suessem mat der PC35,
  • iwwer d'Antenn PC9b vu Recken op der Mess mat der PC35 op der Dippecher Gare
Vu Leideleng ZAE Am Bann, ZAE Poudrerie, Obeler op Fenneng
  • PC6, PC9, PC104
Vun ZAE Houwald, Hesper, Haassel, Fëlschdref, Duelem, Elleng, Scheierbierg op Réimech
  • PC1, PC3, PC6, PC15
  • iwwer d'Antenn PC11a vu Fenteng mat der PC103
  • iwwer d'Antenn PC11b mat der PC27 an der ZAE Weiergewan, via Contern
Vu Péiteng, Kënzeg, Stengefort, Äischen, Näerden, Useldeng, Béiwen, Biissen op Colmer-Bierg.

Verleeft sträppweis op der Streck vun der fréierer Schmuelspurlinn Péiteng-Ettelbréck (Atertlinn)

  • PC8, PC13, PC15, PC17, PC25, PC28, PC34, PC35
  • iwwer d'Antenn PC12a op d'Klengbettener Garee
  • iwwer d'Antenn PC12b vu Biissen an d'ZAE um Rouscht
Vun der Mamer Gare, Mamer Lycéeën, Bartreng, Stroossen, op de Pôle d'échanges Stäreplaz / Étoile
  • PC1, PC12, PC14, PC28, PC32, PC35, PC104a
  • iwwer d'Antenn PC13a bei de Centre Hospitalier
Vu Miersch, Schëndels, Koplescht op Mamer
  • PC13, PC15, PC19, PC32a
  • iwwer d'Antenn PC14a mat der PC15, via Gousseldeng
  • iwwer d'Antenn PC14b mat der PC34
Vun Hesper, Rout Bréck - Pafendall, Pafendall, Walfer, Luerenzweiler, Lëntgen, Miersch, Mierscher Lycéeën, Pëtten, Kruuchten, Colmer-Berg, ZAE Schieren, Ettelbréck, Dikrech op Reisduerf
  • PC2, PC3, PC5, PC7a, PC11, PC12, PC14, PC14a, PC16, PC21, PC22, PC24, PC27, PC29, PC30, PC32
  • iwwer d'Antenn PC15a vun Hesper aus mat der PC1,
  • iwwer d'Antenn PC15b vun Heeschdref aus mat der PC30,
  • iwwer d'Antenn PC15c vu Pëtten aus an d'ZAE um Rouscht,
  • iwwer d'Antenn PC15d mat Welsdref
  • iwwer d'Antenn PC15e mat der Ettelbécker Gare
Vun Ettelbréck / Centre hospitalier du Nord, Ettelbrécker Lycéeën, Ettelbréck Gare, Dikrech Gare op den Dikrecher Schoulcampus
  • PC7, PC7a, PC15, PC15e
Vun Näerden, Réiden, Kietscht, Pärel op Roumecht
  • PC12, PC18, PC23
  • iwwer d'Antenn PC17a vu Réide bei den Atert-Lycée
  • op de belsche Reseau zu Roumecht
Vu Kietscht, Uerschdref, Lëlz, Esch-Sauer, Heischent op Nidderefeelen
  • PC17, PC21
  • iwwer d'Antenn PC18a vu Lëlz mat der PC23 zu Béiwen
Vu Miersch op Bruch
  • PC14, PC34
Vun Ëlwen, Uewerwampech, Wanseler, Wolz op Kautebaach
  • PC21, PC23
  • iwwer d'Antenn PC20a op de belsche Reseau zu Nidderwampech
  • iwwer d'Antenn PC20b bei d'Gare an de Lycée vu Wolz
Vun Ettelbréck, Nidderfeelen, Welschent, Buerschent, Kautebaach, Lellgen, Klierf, Lycée Edward-Steichen, Ëlwen, Buergplaz op d'belsch Grenz
  • PC7,PC7a, PC15, PC18, PC20, PC22, PC25
  • op de belsche Reseau op der Schmëdd
  • iwwer d'Antenn PC21a bei d'Gare vu Wëlwerwolz
Vun der Bleesbréck, Tandel, Furen, Parc Housen op Lellgen
  • PC7, PC15, PC21
  • iwwer d'Antenn PC22a vu Furen mat der PC3 bei Bëttel
Vu Bungeref, Bauschelt, Béiwen op Wanseler
  • PC17, PC18a, PC20
Vu Kruuchten-Gare op Miedernach
  • PC5, PC15
Vun Nidderfeelen, Mäerzeg, Groussbus op Useldeng
  • PC12, PC21
Vun Éinen, Gouschteng, Rued-Sir op Ouljen
  • PC3, PC4
Vun der Polvermillen, Pôle d'échanges Zens-Hamm, ZAE Weiergewan, Mutfert, Bous op Stadbriedemes
  • PC2a, PC3, PC11b, PC15
  • iwwer d'Antenn PC27a op Sandweiler
  • iwwer d'Antenn PC27b op d'Sandweiler Gare
Vun Hoen, ZAE Wandhaff, Capellen op Mamer
  • PC12, PC13, PC34
Vu Jonglënster, Buerglënster op Lëntgen
  • PC5, PC15, PC30
Vu Miersch, Lëntgen op Walfer
  • PC15, PC15b, PC29
  • iwwer d'Antenn PC30a vu Luerenzweiler mat der PC15
Vu Bouneweg op Gaasperech
  • PC1
Vun Eech duerch de Bambësch op Stroossen
  • PC13, PC15
  • iwwer d'Antenn PC32a mat der PC14 via Briddel
Vum Pôle d'échanges Uewerstad iwwer Hollerech, Cloche d'or op d'Kockelscheier
  • PC1, PC1a, PC104
Vu Capellen, ZAE Kielen, Keespelt, Huelmes op Bruch
  • PC12, PC14b, PC19, PC28
  • iwwer d'Antenn PC34a vu Kielen aus mat der PC34a
Vu Péiteng, Gare Nidderkäerjeng-Suessem, ZAE Robert Steichen, Sprénkeng, Dippech, Bartreng bei d'Mamer Lycéeën
  • PC9a, PC9b, PC12, PC13
  • iwwer d'Antenn PC35a vun Dippech-Gare op Dippech
  • iwwer d'Antenn PC35b vu Bartreng aus mat de PC104 a PC104a
Vun der Escher Gare, Rämerech op Belval
  • PC8, PC8a, PC104
Vu Peppeng, Réiser op d'Biechemer Gare op Béiweng
  • PC6, PC103
Vun Esch-Uelzecht, Monnerech, ZAE Suessem, op d'Gadderscheier
  • PC9, PC104
Vëlosexpresswee Cloche d'or - Beetebuerg
  • PC1, P6, PC11a, PC37
Vëlosexpresswee vum Pôle d'échanges Hollerech, Pôle d'échanges Bouillon, Pôle d'échanges Cloche d'Or, Rämerech, Esch-Uelzecht
  • PC1, PC6, PC6a, PC9, PC10, PC33, PC35b, PC36, PC38
  • iwwer d'Antenn PC104a mat dem PC13, PC13a, PC35 op der Helfenter Bréck

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationale Vëlosreseau – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (fr)Projet de loi 7371, Dossier complet – III. Objet du projet de loi (S.262). wdocs-pub.chd.lu. Gekuckt de(n) 02.06.2024.
  2. Art. 6bis, Art. 6ter, Art. 6quater vum Gesetz vun 2019
  3. (fr)Loi du 6 juillet 1999 portant création d’un réseau national de pistes cyclables. data.legilux.public.lu (06.07.1999). Gekuckt de(n) 02.06.2024.
  4. (fr)Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux. http://data.legilux.public.lu+(28.04.2015).+Gekuckt de(n) 02.06.2024.
  5. (fr)Loi modifiée du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national. data.legilux.public.lu (28.04.2015). Gekuckt de(n) 02.06.2024.
  6. 6,0 6,1 (fr)Projet de loi 7371 – Fiche financière (S. 15). wdocs-pub.chd.lu. Gekuckt de(n) 02.06.2024.
  7. Stand vun 2019
  8. D'Trajete baséieren op dem Text (Art. 4) an de Kaarten aus dem Gesetz; et ass net alles kloer detailléiert, sou datt eventuell kleng Onprezisiounen an der Opzielung sinn
  9. am Gesetzestext steet iertemlecherweis Hobscheid (Habscht) amplaz vun Hoscheid (Houschent)