Vëlospist Vennbunn

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Vëlospist Vennbunn. Fir déi fréier Eisebunnsstreck, kuckt wgl. Vennbunn.
Vëlospist Vennbunn
vu(n) Ëlwen
op Oochen
Längt 124,3 km
Land Däitschland,
Belsch,
Lëtzebuerg
Logo vun der Vennbunn Vëlospist

D'Vëlospist Vennbunn an der Belsch RAVeL L47 - Vennbahn a RAVeL L48 - Vennbahn , ass eng Vëlosstreck iwwer d'Grenze vun Däitschland, der Belsch a Lëtzebuerg ewech, déi op enger Distanz vun ca. 125 Kilometer Oochen mat Ëlwen verbënnt. Se verleeft gréisstendeels iwwer d'Streck vun der fréierer Vennbunn, enger Eisebunnsstreck déi zur Zäit vun de Preisen entstanen ass. Se féiert duerch den Naturpark Héicht Venn-Äifel an d'Ardennen an ass en Deel vum RAVeL-Reseau ((fr) Réseau autonome de voies lentes), engem Reseau vu Weeër fir Wanderer, Reider a Cyclisten deen a Wallounien am Oktober 1995 an d'Liewe geruff gouf.

Streck[änneren | Quelltext änneren]

Weebeschreiwung a sechs Etappen, vun Oochen op Ëlwen:

  1. Vun der Oochener Gare aus geet et e Strapp duerch d'Stad bis an de Quartier Rothe Erde wou fréier d'Streck 2563 (Aachen-Rothe Erde - Hahn) vum Haaptstrang vun der Kölner Streck fortgaangen ass. Da geet et duerch déi fréier Abteistad Kornelimünster iwwer Walheim op d'belsch Grenz mat der Grenzgare Raeren. D'Etapp vun 22,1 km ass ganz asphaltéiert;
  2. Dës Etapp vu 26,2 km féiert vun der fréierer Gare zu Raeren op der fréierer SNCB-Linn 48 iwwer Roetgen bis op Monschau. D'Streck leeft op engem groussen Deel laanscht d'däitsch Grenz. De fréiere Gleiskierper iwwer deen de Vëloswee leeft, ass awer komplett op belschem Staatsgebitt;
  3. Op de 26,7 km vu Monschau op Waimes kritt een en éischte gudden Androck vun der eenzegaarteger Héichmouerlandschaft vum Héije Venn;
  4. Vu Waimes aus féiert d'Streck iwwer Montenau bis op d'Zil vun der Etapp zu Sankt Väit. D'Streck vun am Ganze 17 km leeft op enger Längt vu 15,5 km iwwer Kräsisweeër;
  5. Südlech vu St. Väit geet et iwwer déi fréier SNCB-Linn 47 duerch den Tunnel vu Lommersweiler an den Ourdall bis op Burg-Reuland; d'Etapp geet iwwer 14,7 km.
  6. Vu Burg-Reuland aus geet et iwwer Lengeler op d'Gebitt vum Grand-Duché. Well de Wilwerdanger Tunnel aus Ëmweltschutzgrënn gespaart gouf, féiert eng permanent Deviatioun laanscht den Tunnel. Beim Tunnel gouf op der Lëtzebuerger Säit e Fliedermaus-Léierpad ageriicht. Den Endpunkt vun dëser 17,6 km-laanger Etapp an d'Zil vun der Vennbunn ass zu Ëlwen.

D'Streck gouf den 2. Juli 2013 offiziell opgemaach.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vëlospist Vennbunn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]