Wilwerdanger Tunnel
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Typ | Déiereschutz |
---|---|
Eisebunnstreck | Ëlwen – belsch Grenz |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 790 m |
Réier | 1 |
Kapp 1 Koordinaten |
Wilwerdang 50° 09’ 23.69’’ N 06° 01’ 42.31’’ O |
Kapp 2 Koordinaten |
Lengeler 50° 09’ 48.78’’ N 06° 01’ 46.63’’ O |
Bau | |
Bauzäit | ≈ 1888 - 1889 |
Opgemaach fir de Verkéier | 04.11.1889 |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Regioun | Éislek |
Uertschaften |
Géidgen Huldang |
De Wilwerdanger Tunnel ass e 790 Meter laange fréieren eegleisegen Eisebunnstunnel op der Streck Ëlwen - belsch Grenz.
Eng ronn 2 km nordëstlech hanner Wilwerdang a Richtung Sankt Väit war d'Südportal a säin Nordportal war eng ronn 150 Meter virun der belscher Grenz. Den Tunnel huet ënner dem Haus Knauf op der Buergplaz erduerch gefouert an ass dann eng ronn 250 m ëstlech dovun aus dem Hiwwel erauskomm.
Beim Südportal stoung e Gebai, dat op der topographescher Kaart vun 1927 mat der Bezeechnung « Garde du tunnel » agedroe war[1]. Et huet sech ëm déi sougenannt Pëtrolsbud gehandelt, e klengt Haischen, an deem d'Kenkien an de Pëtrol fir d'Beliichtung vum Tunnel stockéiert goufen. Wéi d'Streck am Joer 1889 opgaangen ass, gouf eng Persoun gesicht, fir sech stänneg ëm d'Beliichtung vum Tunnel ze këmmeren. D'Aufgab, fir datt déi ronn 90 Kenkien Dag an Nuecht geliicht hunn, gouf vum deemolege Wiert aus dem Café Knauf op der Buergplaz nieweberufflech iwwerholl[2].
Wéi ugefaange gouf fir d'Vëlospist PC21 um Tracé vun der aler Eisebunnsstreck unzeleeën, war geplangt, datt se duerch den Tunnel féiere géif. Well sech awer verschidden Arte Fliedermais am Tunnel agelieft hunn an och do iwwerwanteren, gouf den Tunnel aus Déiereschutzgrënn gespaart a gëtt och net restauréiert. Beim Südportal gouf e Fliedermaus-Léierpad ageriicht.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Joscha Remus, Refugium, Naturparadies und Erlebnispfad, Luxemburger Wort vum 27.02.21, S. 20-21 an de 26.07.21 op wort.lu ënnert dem Titel Luxemburgs längster Eisenbahntunnel und seine Bewohner
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wilwerdanger Tunnel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Wilwerdanger Tunnel op der Websäit vum Naturpark Our
- Den Tunnel am Artikel Eisenbahntunnels in Luxemburg op rail.lu
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)« Garde du tunnel » op der topographescher Kaart. map.geoportail.lu (1927). Gekuckt de(n) 09.07.2021.
- ↑ (de)Eisenbahn - Tunnellichter. fledermaustunnel.naturpark-our.lu. Gekuckt de(n) 09.07.2021.