Vëlospist PC11
|
| |
|
D'PC11 bei Haassel, a Richtung Süden | |
| Alternativen Numm | Itinéraire cyclable Charly Gaul |
|---|---|
| Lëtzebuerger Numm | Pist Charly Gaul |
| vu(n) | Fenteng |
| op | Ellenger Gare |
| Längt | 14,6 km |
| déifste Punkt | Elleng |
| héchste Punkt | Duelem |
| Land | Lëtzebuerg |
|
| |
D'Vëlospist PC11, och nach Pist Charly Gaul, offiziell Itinéraire cyclable Charly Gaul, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1]. Se ass nom lëtzebuergesche Vëlossportler Charly Gaul (1932-2005) genannt.
Den europäesche Vëloswee Eurovelo 5 tëscht Calais a Brindisi (och Via Romea oder Via Francigena genannt), geet um Wee vun der Stad Lëtzebuerg op d'Musel iwwer d'PC11.[2]
Streck
[änneren | Quelltext änneren]Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC11 vun der ZAE Houwald op d'Ellenger Gare. Se féiert iwwer Alzeng, Hesper, Haassel, op Fëlschdref, an da südlech laanscht Duelem bis op d'Ellenger Gare, wou et en Uschloss un d'Vëlospist PC7 gëtt. Zwou Antenne maachen den Uschloss u weider Vëlospisten am Osten an am Norden: d'PC11a mat der PC103, an d'PC11b mat der Vëlospist PC27 via Contern an d'ZAE Weiergewan.[3]
2026-2027 soll en Deel vum CR154 tëscht Alzeng an Haassel an e sougenannte Chemin cyclable ëmgewandelt ginn, op deem den Autosverkéier zougelooss ass, ma d'Vitess op 50 km/h limitéiert ass an d'Vëlosfuerer Prioritéit hunn. Op den zwou Säite vun der Fuerbunn ginn 1,5 m breet rout markéiert Vëlossträife gezeechent. Domat soll den Trajet tëscht dem Uschloss un d'PC1 am Westen an dem Iwwergang zum bestoende Vëloswee am Oste vun Haassel, deen da bis op d'Ellenger Gare geet, méi sécher gemaach ginn. Et handelt sech ëm e Pilotprojet.[4][5]
Uschlëss un aner Pisten
[änneren | Quelltext änneren]D'Pist Charly Gaul huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- PC 7 (Janglispist) op der Ellenger Gare.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Weeweiser zu Haassel um Bord vun der PC11
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Vëlospist PC11 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'PC11 op der Websäit vun de Ponts et chaussées
- Iwwersiichtkaart mat de Vëlospisten op der Websäit vu ProVelo
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ The Low Countries europvelo.com (nogekuckt: 23.02.2026.
- ↑ Loi du 20 décembre 2019 modifiant: 1° la loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux ; 2° la loi du 21 décembre 2009 relative au régime des permissions de voirie. Art. 4. Memorial A873; legilux.lu.
- ↑ Danièle Hayum: "'Chemin cyclable': Landesweit erstes Pilotprojekt für sichere Mobilität." wort.lu [w+], 23.02.2026.
- ↑ "Aménagement inédit du premier chemin cyclable au Grand-Duché de Luxembourg avec une voie suggestive de couleur rouge." Communiqué op gouvernement.lu, 23.02.2026.
