Vëlospist PC35
|
| |
| Alternativen Numm | Itinéraire cyclable du Mamerdall |
|---|---|
| Lëtzebuerger Numm | Mamerdallspist |
| vu(n) | Mamer |
| op | Mamer |
| Land | Lëtzebuerg |
|
| |
D'Vëlospist PC35 ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
Streck
[änneren | Quelltext änneren]Déi geplangt PC35 fänkt zu Péiteng um Knuetpunkt 71 mat der PC12 an der PC6 un. Se deelt sech am Ufank den Tracé mat der PC6, ier se just virun der Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg no Nordwesten a Richtung Gare Nidderkäerjeng-Suessem ofbéit. Da geet se grosso modo parallel zu der Eisebunnslinn weider, iwwer d'ZAE Robert Steichen zu Nidderkäerjeng, laanscht Sprénkeng (Gare Schuller) a Betteng, iwwer Dippech-Gare, a béit dann no Norden Richtung d'Gréiwelsser Barrière, fir da bis op Bartreng ze féieren. Do ass dann den Uschloss un d'PC13.
Enn 2025 goufen 2 Deelstécker, ee 530 Meter laangen Tronçon laanscht d'Gleiser vun der Gare Schuller bis op Dippech-Gare, an eent vu 37 Meter bei der Gare vu Schuller, realiséiert.[2]
D'Pist féiert och iwwer eng nei Bréck fir den netmotoriséierte Verkéeier iwwer de Contournement vun Dippech-Gare ewech.
Uschlëss un aner Pisten
[änneren | Quelltext änneren]D'PC35 kritt ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- PC9a, PC9b, PC12, PC13
- iwwer d'Antenn PC35a vun Dippech-Gare op Dippech
- iwwer d'Antenn PC35b vu Bartreng aus un d'PC104 an d'PC104a
Bemierkungen
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Laanscht d'Gare Schuller
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Vëlospist PC35 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ "Ein weiteres Teil im Radwegpuzzle: Lückenschluss bei Dippach-Gare." wort.lu, 26.06.2025.
