Vëlospist PC23

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vëlospist PC23
offiziellen Numm Itinéraire cyclable Benni
Lëtzebuerger Numm Bennispist
vu(n) Bleesbréck
op Bëttel
Land Lëtzebuerg


D'Vëlospist PC23, och nach Bennispist, offiziell Itinéraire cyclable Benni, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].

Se ass no der SchmuelspuerstreckBenni“ genannt, déi 1889 bis 1948 vun Dikrech op Veiane gefuer ass, an op deem sengem fréiere Gleisbett se gréisstendeels verleeft.

Streck[änneren | Quelltext änneren]

Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC23 vun der Bleesbréck op Bëttel. Se féiert da laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Bleesbréck, Selz, Tandel a Furen.

Zanter 2005 besteet just den 2 km laangen Deel vu Bëttel op Furen[2]. Den déifste Punkt (235,65 m) ass zu Bëttel (Gronn) an den héchsten (284,11 m) zu Furen (Fäeschent)[3].

2024 konnt sech no laangem Gediedechs mat de Proprietäre vun dofir néidegen Terraine g'eenegt ginn, d'Pist vu Furen bis op Bleesbréck auszebauen.[4]

D'Aarbechten un dësem Deelstéck vu 6,1 km, déi ronn 4 Milliounen Euro kaschten, sollen tëscht Januar 2025 a Juli 2026 gemaach ginn. Dofir gëtt och op der Bleesbréck eng Ënnerféierung ënner der Nationalstrooss 7 gebaut, souwéi och eng Plattform fir Vëloe laanscht d'Gilsdrefer Sauer-Bréck bäigemaach, fir déi aner Säit en Uschloss mat der Mëttelsauerpist (PC 16) ze kréien.[4]

En 160 Meter laangen Tunnel bei Furen, deen 1948 zou gemaacht gouf[5], gouf schonn 2017 amenagéiert fir datt d'Vëlospist derduerchgoe kéint, woubäi opgepasst gouf, dat esou ze maachen, dass d'Fliedermais-Kolonien net zevill gestéiert géifen.[4]

Uschlëss un aner Pisten[änneren | Quelltext änneren]

D'Bennispist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

geplangt:

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vëlospist PC23 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt de 16. Juni 2019
  3. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn
  4. 4,0 4,1 4,2 Nico Muller: "Durchbruch nach zwei Jahrzehnten: Dem Bau der PC22 [sic] im Norden steht nun nichts mehr im Wege." wort.lu, 02.04.2024.
  5. Nico Muller: "Blockierte Pisten." Luxemburger Wort, 24. Abrëll 2020, S. 30.
  6. Nico Muller, Viele Mühen, wenig Vorankommen am Luxemburger Wort vum 3. August 2019 S. 30