Nationale Vëlosreseau
Den nationale Vëlosreseau (oder d'nationaalt Vëlosnetz) begräift déi Vëlosweeër déi d'Verbindunge maachen tëscht de wichtegsten Aarbechts- a Bildungszentren oder de Pôle-d'échangen (Garen, Park-and-riden, …) zu Lëtzebuerg, grad ewéi zwéi Vëlosexpressweeër vun der Stad Lëtzebuerg aus, engersäits op Esch-Uelzecht an anersäits op Beetebuerg.
Zum nationale Vëlosnetz gehéiert awer och d'Realisatioun vun touristesche Strecke vun nationaler oder internationaler Bedeitung wéi z. B. den Uschloss op lëtzebuergeschem Territoire un de RAVeL-Reseau, d'Vennbunn oder d'Pist EuroVëlo 5 an och d'Ubannung u Fräizäitgebidder wéi de Stauséi, den Haff Réimech, d'Esplanade laanscht d'Musel, den Dall vun der Wäisser Iernz oder den Naturpark Uewersauer[1].
D'Käschte fir de Bau an d'Sanéierung vun der nationaler Vëlosinfrastruktur ginn zu Laaschte vum Staat, mat Ausnam vun de Gemengestroosse bannent enger Uertschaft, déi vun de jeeweilege Gemenge gedroe ginn. Dat selwecht gëllt fir den Ënnerhalt an d'Beschëlderung vun de Vëlospisten, ausser de Vëlosexpressweeër, fir déi d'Bauverwaltung eleng zoustänneg ass[2].
Entwécklung[1]
[änneren | Quelltext änneren]Dat éischt Gesetz iwwer d'national Vëlosweeër geet op 1999 zeréck[3]. D'Zil war sengerzäit fir eng legal Basis fir den Opbau vun engem nationalen Netz ze schafen, woubäi et sech haaptsächlech ëm Vëlosweeër fir Sport- an Tourismuszwecker gehandelt huet. Et war deemools e Reseau vun 950 Kilometer geplangt, wouvun 280 km scho bestoungen an der bis 2015 nach 320 km sollten derbäi kommen.
Mam Gesetz vun 2015[4] koum et dunn zu engem reegelrechte Paradigmewiessel. De Vëlo sollt net just als Fräizäitbeschäftegung ënnerstëtzt ginn, ma den Undeel vun der aktiver Mobilitéit fir déi alldeeglech Deplacementer sollt – mam Abanne vum ëffentlechen Transport – kontinuéierlech eropgesat ginn. Et gouf deemno ugestrieft fir de Vëlo haaptsächlech als ëmweltfrëndlecht, rouegt a flexibelt Transportmëttel unzegesinn, dat fir kuerz Trajeten och dacks méi séier wéi den Auto ass. D'Gesetz vun 2015 huet eng Rei vu Strecken agefouert, déi fir déi deeglech Trajete sollte gebraucht ginn. Méi spéit gouf du mat der Strategie Modu 2.0 d'Wichtegkeet vum Vëlo als Transportmëttel nach méi verstäerkt. Als Resultat dovu goufe mam neie Gesetz vun 2019[5] Bedierfnesser fir zousätzlech Vëlosweeër festgestallt, entweder fir wichteg Pendelverbindungen ze definéieren, fir Strecke virzeesinn, déi ursprénglech net geplangt waren oder fir Vëlosweeër an zukünftege grousse Stroossebauprojeten z'integréieren. Zousätzlech goufen och Deeler vu Vëlospisten aus dem nationale Vëlosreseau erausgeholl, well se de Qualitéitskrittären a punkto Sécherheet, Confort oder direkt Verbindung net (méi) entsprach hunn.
Dem aktuelle Gesetz no besteet dat nationaalt Vëlosnetz, wann et bis fäerdeg ass, aus 1.102 km, déi sech esou zesummesetzen[6][7]:
- 605 km sinn am Gebrauch, dovu 95 km am Mëschverkéier mam Autostrafick
- 610 km kommen derbäi, wouvun 180 km bestinn a 430 km nei gebaut musse ginn
- 113 km ginn deklasséiert.
Am Verglach mam Gesetz vun 2015 ass et deemno e Plus vun 83 km Vëlospisten.
Pro Kilometer Vëlospist deen nei gebaut muss ginn, gëtt e Budget vu 587.000 Euro geschat. Déi Fraise begräifen de Stroossebau, de Bau vun Ouvrage-d'arten, d'Etüden an eventuell Kompensatiounsmoossnamen[6].
Lëscht vun den nationale Vëlospisten
[änneren | Quelltext änneren]Opgepasst: Dës Lëscht baséiert um Gesetz vun 2019. D'Numerotatioun ass deelweis anescht wéi déi, déi et bis dohi gouf, an déi - Stand 2024 - nach ëmmer op de Schëlter ze gesinn ass.
Pist | Beschreiwung | Uschloss |
Verbindung vum Pôle d'échange Luxexpo iwwer Rout Bréck - Pafendall - Gare Centrale - Lycée Bouneweg - Houwald op d'Cloche d'or.
Leeft parallel zu der Tramslinn T1. |
| |
Vun der Dummeldenger Gare iwwer de Kierchbierg, Héienhaff, Sennengerbierg, Iernster, Guedber, Lënster Lycée, Jonglënster, Bech op Iechternach.
Leeft zu engem groussen Deel op der fréierer Streck vun der Schmuelspuerbunn Chareli. |
| |
Vu Schengen iwwer Rëmerschen, Réimech, Stadbriedemes, Éinen, Waasserbëlleg, Rouspert, Iechternach, Reisduerf op Veianen.
Leeft um Stéck laanscht d'Sauer op Deelerstécker vun der fréierer Schmuelspuerbunn Ettelbréck-Waasserbëlleg. |
| |
Vu Mäertert iwwer Mënjecker, Wecker, Betzder, Ouljen, Roudemer op Iernster |
| |
Vu Jonglënster iwwer d'Fiels, Miedernach, Iermsdref bis westlech vu Reisduerf |
| |
Vun Esch-Uelzecht iwwer Schëffleng, Näerzeng, Beetebuerg, Peppeng, Fréiseng, Uespelt, Munneref, Elleng, ZAE Triangle Vert op Rëmerschen |
| |
Vun Dikrech iwwer ZAE Fridhaff, Houschent[9], Housen, Maarnech, Hengescht, Wäiswampech bis op d'Buergplaz |
| |
Vu Péiteng iwwer Nidderkuer, Déifferdeng, Bieles, Belval, Esch-Uelzecht, Rëmeleng, Keel, Eurohub Sud, ZAE Krakelshaff op Beetebuerg |
| |
Vun der ZAE Éilereng iwwer Suessem, Lampech, Recken op Leideleng |
| |
Vu Leideleng ZAE Am Bann, ZAE Poudrerie, Obeler op Fenneng |
| |
Vun ZAE Houwald, Hesper, Haassel, Fëlschdref, Duelem, Elleng, Scheierbierg op Réimech |
| |
Vu Péiteng, Kënzeg, Stengefort, Äischen, Näerden, Useldeng, Béiwen, Biissen op Colmer-Bierg.
Verleeft sträppweis op der Streck vun der fréierer Schmuelspurlinn Péiteng-Ettelbréck (Atertlinn) |
| |
Vun der Mamer Gare, Mamer Lycéeën, Bartreng, Stroossen, op de Pôle d'échange Stäreplaz / Étoile |
| |
Vu Miersch, Schëndels, Koplescht op Mamer |
| |
Vun Hesper, Rout Bréck - Pafendall, Pafendall, Walfer, Luerenzweiler, Lëntgen, Miersch, Mierscher Lycéeën, Pëtten, Kruuchten, Colmer-Berg, ZAE Schieren, Ettelbréck, Dikrech op Reisduerf |
| |
Vun Ettelbréck / Centre hospitalier du Nord, Ettelbrécker Lycéeën, Ettelbréck Gare, Dikrech Gare op den Dikrecher Schoulcampus |
| |
Vun Näerden, Réiden, Kietscht, Pärel op Roumecht |
| |
Vu Kietscht, Uerschdref, Lëlz, Esch-Sauer, Heischent op Nidderefeelen |
| |
Vu Miersch op Bruch |
| |
Vun Ëlwen, Uewerwampech, Wanseler, Wolz op Kautebaach |
| |
Vun Ettelbréck, Nidderfeelen, Welschent, Buerschent, Kautebaach, Lellgen, Klierf, Lycée Edward-Steichen, Ëlwen, Buergplaz op d'belsch Grenz |
| |
Vun der Bleesbréck, Tandel, Furen, Parc Housen op Lellgen |
| |
Vu Bungeref, Bauschelt, Béiwen op Wanseler |
| |
Vu Kruuchten-Gare op Miedernach |
| |
Vun Nidderfeelen, Mäerzeg, Groussbus op Useldeng |
| |
Vun Éinen, Gouschteng, Rued-Sir op Ouljen |
| |
Vun der Polvermillen, Pôle d'échange Zens-Hamm, ZAE Weiergewan, Mutfert, Bous op Stadbriedemes |
| |
Vun Hoen, ZAE Wandhaff, Capellen op Mamer |
| |
Vu Jonglënster, Buerglënster op Lëntgen |
| |
Vu Miersch, Lëntgen op Walfer |
| |
Vu Bouneweg op Gaasperech |
| |
Vun Eech duerch de Bambësch op Stroossen |
| |
Vum Pôle d'échange Uewerstad iwwer Hollerech, Cloche d'or op d'Kockelscheier |
| |
Vu Capellen, ZAE Kielen, Keespelt, Huelmes op Bruch |
| |
Vu Péiteng, Gare Nidderkäerjeng-Suessem, ZAE Robert Steichen, Sprénkeng, Dippech, Bartreng bei d'Mamer Lycéeën |
| |
Vun der Escher Gare, Rämerech op Belval |
| |
Vu Peppeng, Réiser op d'Biechemer Gare op Béiweng |
| |
Vun Esch-Uelzecht, Monnerech, ZAE Suessem, op d'Gadderscheier |
| |
Vëlosexpresswee Cloche d'or - Beetebuerg |
| |
Vëlosexpresswee vum Pôle d'échange Hollerech, Pôle d'échange Bouillon, Pôle d'échange Cloche d'Or, Pôle d'échange Rämerech, Esch-Uelzecht |
|
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nationale Vëlosreseau – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwersiicht vum op Vëlosreseau op geoportail.lu
- Iwwersiichtkaart (2024) mat de Vëlospisten (PDF), op der Websäit vu Luxembourg for Tourism (visitluxembourg.com)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (fr)Projet de loi 7371, Dossier complet – III. Objet du projet de loi (S.262). wdocs-pub.chd.lu. Gekuckt de(n) 02.06.2024.
- ↑ Art. 6bis, Art. 6ter, Art. 6quater vum Gesetz vun 2019
- ↑ (fr)Loi du 6 juillet 1999 portant création d’un réseau national de pistes cyclables. data.legilux.public.lu (06.07.1999). Gekuckt de(n) 02.06.2024.
- ↑ (fr)Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux. http://data.legilux.public.lu+(28.04.2015).+Gekuckt de(n) 02.06.2024.
- ↑ (fr)Loi modifiée du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national. data.legilux.public.lu (28.04.2015). Gekuckt de(n) 02.06.2024.
- ↑ 6,0 6,1 (fr)Projet de loi 7371 – Fiche financière (S. 15). wdocs-pub.chd.lu. Gekuckt de(n) 02.06.2024.
- ↑ Stand vun 2019
- ↑ D'Trajete baséieren op dem Text (Art. 4) an de Kaarten aus dem Gesetz; et ass net alles kloer detailléiert, sou datt eventuell kleng Onprezisiounen an der Opzielung sinn
- ↑ am Gesetzestext steet iertemlecherweis Hobscheid (Habscht) amplaz vun Hoscheid (Houschent)