Märchepark Beetebuerg
|
| |
| Lokalisatioun | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Beetebuerg |
| Koordinaten | 49°30'41,30"N, 6°7'14,57"O |
|
| |
De Parc Merveilleux ass e Fräizäit- an Déierepark zu Beetebuerg. E gëtt informell och nach Märchepark Beetebuerg oder Beetebuerger Park genannt.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]De Park, dee vu Mäerz/Abrëll bis an den Oktober eran op ass, huet eng Fläch vun zirka 25 ha, déi zu engem groussen Deel mat Beem besat ass. De Park adresséiert sech un d'ganz Famill a bitt Attraktioune fir ënnerschiddlech Altersklassen. Esou gëtt et aacht Haisercher, an deenen déi bekanntst Märercher op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch mat animatronesche Poppen duergestallt ginn, an eng Rei Spillplazen, deelweis mat Waasser, fir Kanner vun all Alter. Donieft gëtt et verschidde Spiller, dorënner e Karussell, Miniautoen, eng Miniatur-Eisebunn, e "Pony-Express" (eng Bunn mat Ponyen), an och eng Minigolfplaz.
Et kann een iwwer 2.000 Déiere aus zirka 200 verschidden Déierenaarte vu fënnef Kontinenter gesinn, zum Beispill Polarwëllef, Pinguinen, Wäschbieren a Känguruen. Am Park gëtt et zwee Déieregeheeger wou ee kann duerchgoen, Mahajanga mat Déieren (a Planzen) vu Madagaskar an Amazonia mat Déieren aus der Amazonasgéigend. An engem Minizoo kënne Kanner direkte Kontakt mat Geessen ophuelen a se dobäi och fidderen.
Fir den Honger an Duuscht gëtt et eng Cafeteria an e Restaurant mat Terrass.
Vum Park gëtt ganzjäreg eng Zooschoul bedriwwen, déi vu Schoulklasse ka benotzt gi fir de Kanner duerch Féierunge, kleng Spiller an Experimenter méi genee Erklärungen zu den Déieren ze bidden.[1]
Lag a Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]
De Park läit op der N13 zu Beetebuerg, déi do route de Mondorf heescht. Direkt nom Zweete Weltkrich war do wou haut de Park ass e Lager fir däitsch Krichsgefaangen, déi bis 1947 an der Rekonstruktioun hu missen hëllefen.[2]
D'Iddi fir de Märchepark zu Beetebuerg goung vum hollännesche Paysagist Willem Ter Braake aus. Fir de Projet ze realiséieren, gouf d'Moosselter s.à r.l. gegrënnt, déi mat Hëllef vun der Gemeng a vu Beetebuerger Geschäftsleit an Entrepreneren de Park deen de 17. Mee 1956 seng Dieren opgemaach huet, ugeluecht huet. De milliounste Visiteur koum am August 1963 a sechs Joer méi spéit schonn deen zweemilliounsten. Jorelaang goufe Sonndes och Concerten am Park organiséiert.[3]
An den 1990er ass et mam Park wirtschaftlech biergofgaangen an e gouf 1997 vun der Association des parents d'enfants mentalement handicapés (APEMH) iwwerholl an zanterhier op alle Pläng ausgebaut. Dobäi sinn och eng ganz Rei Aarbechts- a Formatiounsméiglechkeeten fir déi vun der Organisatioun betreit handicapéiert Mënschen entstanen. Ëm 2022 hunn am Park ronn 170 Leit geschafft, dovu 35 Saisonsaarbechter a Studenten an ongeféier 100 Mënsche mat Behënnerung.[3]
2003 gouf d'Tropenhaus Amazonia ageweit, 2008 huet déi 600-Quadratmeter-grouss tropesch Zär Mahajanga hir Dieren opgemaach. Zënter 2023 kënne Visiteuren och an engem Gîte am Tuerm vum Aganksgebai vum Park schlofen.[4] 2018 koum den zéngmilliounste Visiteur an de Park.[5]
Den 1. August 2024 gouf et e Feier am Park, bei deem d'Technik vun dräi Aquariumen am Tropenhaus Amazonia zerstéiert goufen. 500 Leit hu mussen evakuéiert ginn, mee de Park ass den Dag drop nees opgaangen.[6]
Visiteuren
[änneren | Quelltext änneren]De Märchepark gëllt als eng vun den Attraktiounen zu Lëtzebuerg, déi déi meeschte Visiteuren unzitt. 2011 waren et der 240.000, 2023 schonn 290.000.[7][8] 2019 koumen ongeféiert jee 30% vun der Visiteuren aus Lëtzebuerg, Frankräich, an Däitschland, an 10% aus der Belsch.[9]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Direkt hannert de Keesen
- E Poitou-Iesel
- Flamingoen
- Geessen
- En Äerdmännchen
- De Mini-Zuch mam Logo vum CFL
- Eng vun de Spillplazen
- Bannent der Mahajanga-Zär
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Märchepark Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Von Wölfen bis Labyrinth – das ist neu im Parc Merveilleux. lessentiel.lu (19. Mäerz 2025). Gekuckt den 19. Juli 2025.
- ↑ Monument am Wëllemslach, Dokumentatiounsblat vun der Gemeng Conter bei Geleeënheet vun der Aweiung vun enger Erënnerungsplack den 9. Oktober 2021., Auteur Joseph Lorent
- 1 2 (de) Jessika Rauch, Einfach märchenhaft. esch2022.lu. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (de) Marco Goetz, Parc merveilleux BettemburgDirekt am Park übernachten, mit einem Fuchs als Nachbarn. tageblatt.lu (29. Mäerz 2023). Gekuckt den 29. Juli 2025.
- ↑ (fr) Sophie Kieffer, Parc Merveilleux : dix millions de visiteurs depuis 1956. lequotidien.lu (26. Mee 2018). Gekuckt den 29. Juli 2025.
- ↑ (de) Aline Dechamps, «Parc Merveilleux» kann nach Brand mit den Reparaturen starten. lessentiel.lu (19. September 2024). Gekuckt den 29. Juli 2025.
- ↑ (fr) Maurice Fick, Le Parc Merveilleux rouvre après une année de fréquentation record. virgule.lu (31. Mäerz 2012). Gekuckt den 29. Juli 2025.
- ↑ (fr) Emilie Dias, Dans les sous-sols du Parc Merveilleux. lequotidien.lu (21. Mee 2024). Gekuckt den 29. Juli 2025.
- ↑ (fr) Thierry Raizer, Le Parc Merveilleux vit au rythme de l’été. paperjam.lu (5. August 2019). Gekuckt den 29. Juli 2025.
