Op den Inhalt sprangen

Vëlospist PC8

Vu Wikipedia
Vëlospist PC8
Alternativen Numm Itinéraire cyclable de la terre rouge
Lëtzebuerger Numm Pist vum Roude Buedem
vu(n) Bieles
op Téiteng
Längt 21,97 km
déifste Punkt Keel
héchste Punkt Keel
Land Lëtzebuerg
OpenStreetMap Vëlospist PC8

D'Vëlospist PC8, och nach Pist vum Roude Buedem, offiziell Itinéraire cyclable de la terre rouge, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].

Wa se bis fäerdeg ass, féiert se laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Péiteng, Rolleng, Déifferdeng, Nidderkuer, Bieles, Esch-Uelzecht, Rëmeleng, Téiteng, Biereng a Beetebuerg.

Aktuell Situatioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'PC8 ass 21,97 km laang. Den déifste Punkt (280,36 m) ass zu Keel (Kneipe-Gäertchen) an den héchsten (423,54 m) ass och zu Keel (Holzebierg)[2].

Dat Stéck vu Péiteng op Nidderkuer feelt nach.

Am Januar 2023 gouf d'Stéck vun Nidderkuer op Déifferdeng vum Transportminister François Bausch an der Déifferdenger Buergermeeschtesch Christiane Brassel-Rausch ageweit. Op enger Längt vun 1,9 Kilometer féiert d'Pist vum Zentrum vun Nidderkuer laanscht d'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng an dann iwwer eng nei Passerelle vun 29 × 3 Meter iwwer d'Eisebunn ewech,[3], dann iwwer d'Kräizung Boulevard Emile Krieps/rue Emile Mark, laanscht d'International Schoul vun Déifferdeng, an dann duerch de Park vun der Kuer. Da geet et biergop um Tracé vun der fréierer Minettsseelebunn, fir dann, op der Héicht vun Uewerkuer, no Osten gréisstendeels laanscht d'Eisebunnslinn Esch-Péiteng, bis bei d'Märei vu Suessem, zu Bieles, virunzegeoen.

Do spléckt sech d'Pist 8: Een Deel geet südlech vun der Eisebunn, zum Deel iwwer den ale Grenzwee, dann duerch d'Belvaller Strooss bis op Esch, deen anere féiert duerch de Quartier Belval-Nord, wou et iwwer d'Waassertrap bis op de Belval geet. Vun do aus geet et, bei der Gebléishal, erop op den 1200 Meter laange Vëlodukt, deen iwwer den Terrain vum Stolwierk vun Arcelor Mittal féiert.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Vëlodukt Esch - Belval.

Zu Esch um Rondpoint Um Däich kommen déi zwéi Sträng nees zesummen. Et geet virun no Süden duerch de Quartier Grenz, d'Hiel op, an da vun do aus duerch de Bësch laanscht d'Waldschoul erop an déi fréier Tagebauexploitatiounen bei der Léiffrächen an dann erof iwwer der Holzebierg op Rëmeleng, ë.a. laanscht den Nationale Grouwemusée.

Vu Rëmeleng geet et deelweis iwwert den Tracé vun der fréierer Minettesbunn bis op Téiteng an dann, laanscht d'Keelbaach, op Keel. Nërdlech vun do ass den Uschloss un d'Vëlospist PC6.

Uschlëss un aner Pisten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Pist vum Roude Buedem huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

Commons: Vëlospist PC8 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn
  3. "Nouveau tronçon Differdange - Niederkorn de la PC8 inauguré." Communiqué op travaux.public.lu, 31/01/2023.