École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette
(EIDE)
Typ ëffentlech Schoul, Primärschoul, Secondairesschoul
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Déifferdeng, Esch-Uelzecht
Leedung Gérard Zens
Schülerzuel 1.148
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 26. Februar 2016
Genannt no Déifferdeng, Esch-Uelzecht
Um Spaweck https://portal.education.lu/


D'International Schoul zu Déifferdeng an Esch-Uelzecht offiziell « École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette »[1][2] (och nach ëffentlech Europaschoul genannt), gekierzt EIDE, ass eng ëffentlech Lëtzebuerger Ganzdagsschoul déi nom System vun den europäesche Schoule funktionéiert.

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schoul ass am September 2016 opgaangen an ass provisoresch a verschiddene Gebaier zu Déifferdeng an zu Esch ënnerbruecht, bis en neit Gebai zu Déifferdeng gebaut ass.

D'Schoul bitt follgend Bildungsweeër absënns op der Grondlag vun de Léierpläng vun den europäesche Schoulen un[1]:

  1. en Zyklus vun zwee Joer an der europäescher Fréierzéiung (early education);
  2. en Zyklus vu fënnef Joer an der europäescher Primärschoul;
  3. en Zyklus vu siwe Joer am europäesche Secondaire;
  4. Klassen am Régime préparatoire vum Enseignement général, Klasse vum Accueil a Klasse vun der Beruffsausbildung.

An der europäescher Ausbildung gëtt et zwou Sproochesektiounen (anglofon a frankofon) mat engem Choix vu véier Haaptsproochen: Däitsch, Englesch, Franséisch a Portugisesch.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Mam Gesetz vum 26. Februar 2016 gouf d'Schoul geschaf[3]. Duerch Gesetz vum 14. Dezember 2015 hat d'Regierung awer schonn d'Erlabnes kritt fir eng international Schoul zu Déifferdeng ze bauen; den zougestanene Budget louch bei 71,7 Milliounen Euro[4].

De 24. November 2017 gouf de Grondstee geluecht[5].

Direkter[änneren | Quelltext änneren]

  • zanter 04.2016: Gérard Zens

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Loi du 15 décembre 2017 portant modification de la loi du 26 février 2016 portant création d'une école internationale publique à Differdange. legilux.lu (15.12.2017). Gekuckt de(n) 17.09.2022.
  2. ursprénglech « École internationale à Differdange »
  3. Loi du 26 février 2016 portant création d'une école internationale publique à Differdange op legilux.lu, gekuckt de 26. November 2017
  4. Loi du 14 décembre 2015 relative à la construction d'une école internationale à Differdange op legilux.lu, gekuckt de 26. November 2017
  5. Grondstee fir zukünftegt Lycée-Gebai geluecht op rtl.lu de 25. November 2017