Vëlodrom Munneref

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vëlodrom Munneref
Plaz Munneref
Adress op Gréimelter
Baujoer ~2023 - ?
Kapazitéit
Total ca 1.000
Pist 250 m


De Vëlodrom Munneref, offiziell Vélodrome Prince-Charles, genannt nom Prënz Charel, ass eng Rennbunn fir Vëloen, déi zu Munneref am Flouer Op Gréimelter[1], tëscht dem Stade John Grün, der Biermerenger Strooss an der A13 geplangt ass. Dernieft sollen och dat definitiivt Gebai vun der Munnerëffer internationaler Schoul an eng kommunal Sportshal mat Schwämm gebaut ginn.

No engem Architekteconcours huet de Jury am September 2018 de Groupement Metaform architects - Mecanoo architecten als Gewënner zeréckbehale fir de Projet ze realiséieren[2]. D'Käschte vum Projet, déi op 65 Milliounen Euro geschat goufen, sollten am Ufank zu 30 % vun der Gemeng Munneref bezuelt ginn, iwwerdeems de Rescht zu Laaschte vum Lëtzebuerger Staat (Sports- an Educatiounsministère) sollt sinn[3][4]. Am Dezember 2021 huet de Sportsminister Dan Kersch dunn awer matgedeelt, datt de Staat de Projet integral finanzéiere géif, well een dann als Proprietär méi einfach decidéiere kéint wéi d'Gebai benotzt gëtt, absënns well och Terraine fir de Lycée mat integréiert ginn. De Käschtepunkt gouf méi spéit op 50 Milliounen Euro geschat, fir déi an der Chamber e Finanzéierungsgesetz gestëmmt muss ginn[5].

De Vëlodrom gëtt mat ongeféier 1.000 Plaze fir d'Spectateure gebaut, woubäi nach e Restaurant, e Fitness-Center a Büroe fir d'Vëlosfederatioun derbäikomme sollen[6]. Den ursprénglech geplangten hëlzen Daach gëtt mat méi enger bëlleger Variant aus Metall ersat[6].

Et war virgesinn, fir den Avant-projet détaillé am Fréijoer 2020 ofzeschléissen an dann am Hierscht mat den Aarbechten unzefänken. En Datum wéini de Bau ufänke kéint war am Dezember 2021 nach net bekannt[4]. Am November 2022 huet de Sportminister ugedeit, datt de Bau eventuell 2023 ufänke kéint[7].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

No engem éischte Vëlodrom zu Dikrech am Lorenzwues 1854[8][9], engem bei der Villa Louvigny am Stater Park (ëm 1900), engem um Belair (1921-1952) an engem zu Nidderkuer (1935 bis 1966)[5], ass de Munnerëffer Vëlodrom de fënneften deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt, an deen eenzegen, deen et am Land gëtt. De Projet vun der Stater Gemeng[10] Mëtt der 2000er Joren, fir e Vëlodrom zu Zéisseng ze bauen, gouf net realiséiert.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. och nach an der Schreifweis op Grëmelter oder Gremelter ze fannen
  2. Céline Coubray, Un vélodrome à Mondorf op archiduc.lu den 29. September 2018, gekuckt de 26. Januar 2020
  3. Anne-Aymone Schmitz, Velodrom: Kopfzerbrechen über die Camembert-Schachtel op wort.lu den 23. Mee 2019
  4. 4,0 4,1 Dan Kersch lässt die Katze aus dem Sack. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-12-16). Gekuckt de(n) 2021-12-17.
  5. 5,0 5,1 7956 – Projet de loi autorisant le Gouvernement à acquérir un vélodrome et à participer au financement des travaux nécessaires à la construction des équipements et aménagements nécessaires à son exploitation. legilux.public.lu (19.01.2022). Gekuckt de(n) 13.11.2022.
  6. 6,0 6,1 Anne-Aymone Schmitz, Günstiger aus Metall am Luxemburger Wort vum 25. Januar 2020, S. 44
  7. Gemeng Munneref: "De Gréimelter": E Vëlodrom mat engem ganze Sportkomplex. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-11-13.
  8. SVQ_Page 1: N° 001 – N° 050 Archivéiert op 2021-12-21. Gekuckt de(n) 21 Dezember 2021.
  9. Deiwelselter Nov 2020. Gekuckt de(n) 21 Dezember 2021.
  10. Schäfferotserklärung am Februar 2006