Lycée Edward-Steichen

Vu Wikipedia
Lycée Edward-Steichen
De "Cliärrwer Lycée" (2023)
Cliärrwer Lycée (LESC)
Typ ëffentlech Schoul, Grondschoul, Secondairesschoul, international Schoul
Regimm Fréipedagogik, Grondschoul, Classique, General, Professionnel
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Klierf
Adress 1 Rue Edward Steichen L-9707 Clervaux
Leedung Jean Billa
Schülerzuel 933
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 13. Juni 2013
Genannt no Edward Steichen
Um Spaweck https://www.lesc.lu/

De Lycée Edward-Steichen (gekierzt: LESC) ass eng ëffentlech Grond-, Secondaires- an international Schoul zu Klierf, net wäit ewech vun der Klierfer Gare.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mam Gesetz vum 13. Juni 2013[1] gouf de Klierfer Lycée geschaf an e gouf 2016[2] nom lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf Edward-Steichen genannt. D'Schoul gëtt sech selwer de Slogan: „de Lycée vum 21. Joerhonnert“.

De Grondstee fir de Lycée gouf den 11. Mee 2015 geluecht[3] an en huet seng Diere fir d'Rentrée 2018/19 op gemaach. Den 21. Juni 2019 gouf en offiziell ageweit.[4] En huet Plaz fir eng 800 Schüler[5], et gëtt awer scho Pläng fir en eventuellen Ubau fir zousätzlech 400 Schüler[5].

De Bau huet ronn 75 Milliounen Euro kascht[6].

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Formatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Lycée bitt nieft den nationale Programmer (Enseignement secondaire classique, Enseignement secondaire général, Préparatoire, Formatioun professionnelle) och eng Däitsch an eng Franséisch Sektioun un.

Mam Gesetz vum 13. Juli 2018 gouf och en europäesche Programm am Kader vun enger École européenne agréée agefouert, deen ënnert dem Numm « École internationale Edward Steichen - Clervaux » funktionéiert. D'europäesch Schoul steet ënnert der Direktioun vum Lycée[8].

An der europäescher Schoul gëtt follgend Offer ugebueden[9]:

  • den Zyklus vun zwee Joer an der Fréipedagogik « early education » fir Kanner vu véier bis fënnef Joer;
  • de fënnef-järegen Zyklus vum europäesche Primärunterrecht fir Kanner vu sechs bis zéng Joer;
  • de siwe-järegen Zyklus vum europäesche Secondaire fir Jonker vun 11 bis 18 Joer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lycée Edward-Steichen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 13 juin 2013 portant création d'un lycée à Clervaux op legilux.lu, gekuckt den 9. August 2018
  2. Règlement grand-ducal du 20 juin 2016 portant dénomination du lycée à Clervaux
  3. Was morgen wichtig wird am Wort den 30. Abrëll 2015, Säit 31
  4. John Lamberty: "Clerf hat ein Lyzeum." wort.lu, 21.06.2019.
  5. 5,0 5,1 Übermorgen kommt bestimmt, am Wort de 25. August 20156, Säit 20
  6. Bereits Ausbau-Pläne op journal.lu de 24. August 2016, gekuckt den 9. August 2018
  7. Der erste Baustein am Wort den 11. Oktober 2014, Säit 38
  8. Loi du 13 juillet 2018 portant création d'un lycée à Mondorf-les-Bains et modification (…) 2. de la loi modifiée du 13 juin 2013 portant création d'un lycée à Clervaux (…). legilux-lu (13.07.2018). Gekuckt de(n) 27.09.2022.
  9. LESC – Offre scolaire internationale. www.lesc.lu. Gekuckt de(n) 27.09.2022.