Bierg (Colmer-Bierg)

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bierg
Vue op Bierg, riets d'Schlass.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Berg
de: Berg
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Colmer-Bierg
Buergermeeschter Mandy Arendt (PPLU)
Awunner 27
Koordinaten 49° 48’ 49’’ N
      06° 05’ 13’’ O


Bierg ass eng Uertschaft an der Gemeng Colmer-Bierg.

Geschicht

Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez (1834).

D'Uertschaft Berg gëtt fir déi éischt Kéier ëm 800 ernimmt.

Ëm 1850 huet de Kinnek-Groussherzog Wëllem II. vun Holland d'Schlass Bierg vergréissert, dat hien dem Schmelzhär Alphonse de Pasquiers ofkaaft hat.

Nodeem d'Awunnerzuel vu Bierg am 19. Joerhonnert kontinuéierlech zougeholl huet, huet se nom Éischte Weltkrich duerch d'Schléisse vun der Schmëdd an den Héichuewen erëm ofgeholl.

Bis 1991 war "Bierg" och den Numm vun der Gemeng. Duerch Gesetz vum 25. Mäerz 1991 gouf den Numm vun der Gemeng awer vu "Bierg" (Berg) op "Colmer-Bierg" (Colmar-Berg) geännert.

Kuckeswäertes

Kuckt och

Um Spaweck