Fernand Wark

Vu Wikipedia
Fernand Wark
Gebuer 1. September 1916
Neimille bei Bilschdref
Gestuerwen 15. November 1994
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger
Famill
Bestuet mat Colette Hoffmann

De Ferdinand Jean Wark genannt Fernand, gebuer den 1. September 1916 op der Neimille bei Bilschdref, a gestuerwen de 15. November 1994 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sänger, Kabarettist a Schauspiller.

Vu Beruff war de Fernand Wark Bäcker a Reesender. Bekannt gouf en duerch seng Optrëtter an der Revue a bei den Zéiunge vun der Nationallotterie, dacks zesumme mat senger Fra Colette Hoffmann, als Duo Colette a Fernand (tëscht 1957 an 1992). Hire leschten Optrëtt hate se de 4. Abrëll 1992 zu Waasserbëlleg. Hien ass och Auteur vu Sketcher a Liddertexter.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • De Jangli fiert den Houwald erop (1951; 1964 als Plack erauskomm)
  • Ech drénke gier mäi Pättchen (1966, Musek vum Greg Denis)
  • D'Hechtercher aus der Stad (1965)
  • Hei kann ech net bleiwen (1966)
  • Mir sinn um Dill (1966; Text: Pir Kremer, Musek: Josy Meisch)
  • D'Footballslidd (1967)
  • Neen déi Schnëss (1970)
  • De' Freschen/De Brédewé an d'Sichegâss
  • Wann é lâcht... 1-9 (Singele mat Witzer a Sketcher)
  • Lëtzebuerger Spezialitéiten (2 Vol. 1976 an 1978)
  • Déi schéinst Märercher vun de Bridder Grimm (2 Vol. 1977 an 1979)
  • Dee klenge Bistrot (Adaptatioun vum Pierre Kartner sengem Het kleine café aan de haven)
  • Colette a Fernand sangen hir bescht Lidder (1993)
  • Lëtzebuerger Sketscher (1996)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]