Diskussioun:Fernand Wark

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"gebuer den 1. September 1919 zu Neimillen": Mam Link op "Neimillen" ass eppes net kloer. Wou oder wat ass et ? --Cornischong 15:56, 14. Abr 2008 (UTC)

Um Spaweck ass d'Genealogie vun der Famill Bosco-Breuer ze fannen, wou de Fernand Wark dra figuréiert. Do ass ze liesen datt hien am Pafendall gebuer ass. --Pecalux 10:01, 15. Abr 2008 (UTC)


Moien
Wann ech mer déi Säit ukucken da gesinn ech datt de Fernand Wark 1916 gebuer ass. Wéi komme mir un 1919.
Op der aner Säit gleewen ech déi Paffendallsgeschicht net. De Fernand war aus dem Éislek gebierdeg. Mar klappen ech emol d'Neimillen all af. Les Meloures 16:44, 16. Abr 2008 (UTC)

Am LuxLex steet " *Neumühle (Gem. Obersauer-Stausee) ". Sou lues musse mer eis Gedanke maachen, ob hei net ze dacks "egal wat" steet!! --Cornischong 17:04, 16. Abr 2008 (UTC)


Remoien,


Ech hunn emol am Artikel Neimillen, déi Millen dra gesat déi an der Nomenclature als Uertschaft opgefouert sinn. An der Stauséigemeng hunn ech keng fonnt, dofir muss dat, wat an dem Luxlex steet och net onbedéngt stëmmen.
De Fernand huet iwwregens Ferdinand Jean mat sengem richtegen Numm geheescht. Les Meloures 17:24, 16. Abr 2008 (UTC)

"Ferdinand Jean" (Virnumm - Familljennumm) oder "Ferdinand Jean Wark"?? An ............. wéi wier et mat enger Quell??? --Cornischong 18:40, 16. Abr 2008 (UTC)


Remoien,
Ferdinand Jean Wark.
Ech hunn de Fernand perséinlech kannt dofir weess ech dat. Ech weess awer net méi sécher wou e gebuer ass, mengen awer et wier zu Rammerech gewiescht. Vläicht kann een deen am Ländche wunnt a keng Auslandsverbindunge muss bezuelen, emol do nofroen. Ech weess just nach, datt an der Lescht, an der Stad an der Ermesindestrooss gewunnt huet. Les Meloures 18:52, 16. Abr 2008 (UTC)

Vun Hippches op Haapches[Quelltext änneren]

Vun Neimillen an de Pafendall, dunn "an der Neimillen zu Ueschdrëf", duerno "op der Neimillen bei Ueschdref" an dann "op der Neimillen bei Ueschdref". An déi eenzeg, déi eng Quell uginn hunn waren den Zinneke mat dem LuxLex an de Pecalux mam Stammbam-Pafendall. A wann elo nach ee kënnt an e mengt et wier anzwouschanescht. Natierlech einfach esou ouni een eenzegt Wuert Erklärung. Wat ech soe wëll: Firwat dann elo déi a keng aner? --Cornischong 21:26, 2. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,
Well dem Luxlex seng Donnéën an deéi vum Pafendall mer komesch virkoumen hat ech dat heite proposéiert:
Vläicht kann een deen am Ländche wunnt a keng Auslandsverbindunge muss bezuelen, emol do nofroen. Gemengt war d'Gemeng Rammerech.
Ech hat alt geduecht well soss wéinst engem Awunner méi oder manner op d'Gemengen doruechter telefonéiert gëtt, wier dat net zevill verlaangt. Wéi keng Reaktioun koum, hunn ech et dunn alt selwer gemaach, hat leider vergiess et an den Artikel ze setzen. Wéi elo haut den owend d'IP dat geännert huet hunn ech mech drun erënnert, an dunn och de Wikilink op d'Neimillen (Rammerech) gemaach well se elo zu deeër Gemeng gehéiert. Zu Ueschdref hunn ech duerch bei Uerschdrëf ersat, well d'Millen déi zwar net méi steet, an der Nomenklatur vun den Uertschaften als sonner Uertschaft gefouert gëtt, also net zu Uerschdref ass. Si ass gutt 2 km Loftlinn vun Uerschdref ewech am Dall vun der Sauer an zwar do: 49° 52’ 04’’ N 05° 48’ 55’’ O
Les Meloures 22:33, 2. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
A fir et nach e bëssen méi komplizéiert ze maachen: Den Emile Erpelding nennt a sengem Millebuch d'Neimillen vun Ueschdref "Bilschdrefer Millen". --Pecalux 07:18, 3. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

dat Dorëmmertelefonéiers[Quelltext änneren]

"well soss wéinst engem Awunner méi oder manner op d'Gemengen doruechter telefonéiert gëtt, wier dat net zevill verlaangt": Ech huelen un, datt deen, dee bis elo op de Gemenge Renseignementer gefrot huet, d'Nues voll huet, well e vläicht dovun ausgeet, datt et net ëmmer un him ass. Iergendwéi verstinn ech en. --Cornischong 00:02, 3. Mee 2008 (UTC)[äntweren]