Diskussioun:Jangli

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am Allgemenge krut all lëtzebuergesch Schmuelspurbunn den Numm Jangeli; ausser de "Benni" (Dikrech-Veianen) an de Chareli (Lëtzebuerg-Iechternach). Et goufen der also méi. --Cornischong 01:43, 7 September 2005 (UTC)

Wat et esou gëtt[Quelltext änneren]

  • Maarteleng gëtt et net": Tjo, ausser datt et keng "offiziell" Nimm fir eis Uertschaften op Lëtzebuergesch gëtt (!!!), hate mer eis, fir de Fouss op de Buedem ze kréien, drop g'eenegt, fir dem Josy Braun seng Uertschaftsnimm z'adoptéieren, datt net all gudden Dag nees een opdaucht mat "senger" eenzeg wierklech original richteger Versioun. A wéi dat sou ass, de Josy Braun nennt dat "Maarteleng". Well de Gebrauch vum Braun sengen Nimm komplizéiert genuch ass, dat Beispill Wolz-Woltz, oder Clierf-Klierf huet eis schonns zimmlech Nerve kascht, déite mer aus Erfarung gutt drun, eis net all Woch nees a Geriwwels ze verrennen. Un de Fall Wuermer, Wormer, Woormer, Wuermeldeng kënnen déi "Al" sech nach zimlich gutt erënneren. Mäi Monni war vu Maartel, an dat Ganzt ass mer net sou ganz onbekannt. Wat et bei den Uertschaften alles gëtt, do geet et fir den Ufank duer, sech emol d'Uertschaftsnimm op de Schëlter unzekucken! An de Fall Réiden, Réiden-Atert, Réiden/Atert, Réiden un der Atert, Réiden-un-der-Atert, a bei deem enge Béiwen ass et genee d'selwecht, hat ech selwer mat dem Gemengesekretariat duerchgebootscht. An ech erënnere mech nach, wat ech um Innenminstär erzielt krut. --Cornischong 08:28, 12. Abr 2008 (UTC)
Moien,
Wann ech den Artikel liesen an ech klicken op de Link Maartel da landen ech an der Belsch. Ass de Jangli bis an d'Belsch gefuer? Les Meloures 15:35, 12. Abr 2008 (UTC)
'n Owend,
neen, de Jangli ass NET bis an d'Belsch gefuer, awer bal. Seng Endstatioun huet Maarteleng geheescht. (Nozekucken hei) --Pecalux 16:38, 13. Abr 2008 (UTC)

Da misste mer lo mat Rombech richteg leien. --Cornischong 20:57, 13. Abr 2008 (UTC)

Am Artikel steet: "Iwwer de Réimecher Jangli gëtt et e Lidd: "De Jangli fiert den Houwald erop", Text a Musek vum Colette a Fernand Wark". Dat amerikenescht Lidd On the Atchison, Topeka and the Santa Fe (hei op YouTube ze lauschteren) ass dach d'Originalversioun, oder net? Kéint ee mir dat bestätegen, da schreiwen ech dat dobäi. --Bdx (Diskussioun) 17:29, 11. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Et ass fir mech och nei, awer du hues Recht mat deem amerikanesche Lidd. Dat ass mat Sécherheet d'Originalversioun vum "De Jangli fiert den Houwald erop".--MMFE (Diskussioun) 23:29, 11. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]