Chemins de fer vicinaux
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Chemins de fer vicinaux (CV) | |
---|---|
Grënnungsdatum | 1899 |
Schlussdatum | 1934 |
() | |
() | |
Branche | Eisebunnsmarché |
D'Chemins de fer vicinaux (CV) (iwwersat Vizinaleisebunnen) ass eng fréier lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft, déi vun 1899 bis 1934 bestanen huet.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gesellschaft gouf 1899 gegrënnt a war Concessionnaire vun zwou Schmuelspuerstrecken, déi se awer ni selwer bedriwwen huet:
- Eisebunnsstreck Beetebuerg - Uespelt, déi vun 1899 bis 1911 vun der Société anonyme pour l'exploitation de chemins de fer régionaux en Belgique, vun 1911 bis 1919 vun der Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois (CSL) an duerno, vun 1919 bis 1934 vun der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri (PH) bedriwwe gouf;
- Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach, déi un 1904 bis 1919 vun der CSL an duerno, vun 1919 bis 1934 vun der PH exploitéiert gouf.
D'Gesellschaft ass 1934 opgeléist gi wéi d'Kantonal-, d'Sekundär- an d'Vizinalbunnen zesummegeluecht goufen an de Staat den 19. Abrëll 1934 d'Exploitatioun dovu mat der staatlecher Gesellschaft Chemins de fer à voie étroite de l'État (CVE) iwwerholl huet[1].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Federmeyer, Ed: Die Schmalspurbahnen, G.A.R. Dokumentatioun, Zwéi Bänn, 1991
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken
- Schmuelspuerbunnen zu Lëtzebuerg
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Loi du 14 avril 1934 concernant la reprise et l'exploitation par l'Etat des chemins de fer secondaires et vicinaux. legilux.public.lu (14.04.1934). Gekuckt de(n) 20.03.2023.