Op den Inhalt sprangen

Victor Weydert

Vu Wikipedia
Victor Weydert
Gebuer 19. November 1928
Gestuerwen 9. November 2016
Miersch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Buergermeeschter

De Victor Weydert, gebuer den 19. November 1928, a gestuerwen den 9. November 2016 zu Miersch, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.[1]

De Victor Weydert war Receveur an der Gemeng Fiels vum 1. Januar 1950 bis den 31. Dezember 1975. Hie war Sekretär an der Gemeng Hiefenech vun 1950 bis 1988.[2] Hie war och Sekretär an der Gemeng Miedernach.[3]

De Victor Weydert, deen an der Fiels gewunnt huet, war vum 1. Januar 1976 bis den 31. Dezember 1990 Buergermeeschter a vum 1. Januar 1991 bis den 31. Dezember 1993 Conseiller vun der Gemeng Fiels.[2]

Hie war ënner anerem President vun den Amis du château de Larochette a Grënnungsmember a President vun 1987 bis 2000 vum Syndicat intercommunal pour le maintien à domicile dans les communes d'Ermsdorf, Fischbach, Heffingen, Larochette, Medernach, Nommern et Waldbillig.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburger Wort 2016-11-11, S. 40 (Doudesannonce).
  2. 2,0 2,1 2,2 Luxemburger Wort 2016-11-12, S. 93 (avis mortuaires).
  3. Cf. Luxemburger Marienkalender 1986, S. 377.