Kierch Fiels

Vu Wikipedia
Kierch vun der Fiels
De Kierchtuerm

De Kierchtuerm
De Kierchtuerm
Uertschaft / Plaz Fiels
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Donatus
Konsekratioun 1862
Architekt(en) Charles Arendt
Baujoer 1862
Koordinaten 49° 47’ 2.5’’ N
      06° 13’ 14.2’’ O
Parkierch vun der Fiels (2014)

Parkierch vun der Fiels (2014)
Parkierch vun der Fiels (2014)
Kierchen - Kapellen
Niklosstatu

D'Kierch an der Fiels ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Fiels gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der Mierscherstrooss, dem CR118, mat der Miedernacherstrooss, der N14.

Se gouf den 2. Mäerz 2018 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Fiels gehéiert och nach d'Fielsser Rochuskapell an d'Kapell vun Iernzen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Hubert Victor de Roebé hat der Fiels d'Bauplaz vun der Kierch vermaach. Un hien erënnert e Panneau, dee lénks hannen an der Kierch ubruecht ass. D'Kierch gouf tëscht 1860 an 1862 no de Pläng vum Architekt Charles Arendt vum Entreprener Schergen vu Guedber am neogotesche Baustil gebaut. Déi barock Altär aus der Virgängerkierch goufen an di nei Kierch iwwerholl.

D'Molereien[änneren | Quelltext änneren]

D'Freskemolerei vun 1934 am Chouerraum ass vum Nicolas Brücher.

De Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

De Kräizwee am Nazarenerstil staamt vum Karl Georg Kaiser aus Stans an der Schwäiz.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1888 huet d'Géisserei Causard / Dury vu Colmar fir déi Fielsser Parkierch dräi Klacke gegoss:

D'Marieklack[änneren | Quelltext änneren]

Se weit 1.180 kg, huet en Duerchmiesser vun 122 cm an ass 99 cm héich. Se laut um Toun Mi.
Op der Flank steet e Chronogramm: "HONORI BEATAE VIRGINIS CIVITAS RVpensIS PRAESIDE IOANNE KNAFF ME CONFLARI INGENIOSE CVRAVIT"
an hannendrop: "JOHANNE KANFF MAGISTRO CIVILE ET MATHIA SCHMIT PAROCHO"
drënner op engem gotesche Podest d'Maria an e Bëschof am Ornat.

D'Donatusklack[änneren | Quelltext änneren]

Se huet en Duerchmiesser vun 109 cm, eng Héicht vun 89 cm an e Gewiicht vun 815 kg. Se laut a Fa bémol.
D'Flankechronogramm: "HONORI BEATI DONATI RVPIS PATRONI ME CONFLARI CVRAVERVNT CIVES GRATI RVPENSIS
hannendrop: JOANNE KNAFF MAGISTRO CIVILI ET MATHIA SCHMIT PAROCHO

D'Péitrusklack[änneren | Quelltext änneren]

Déi klengst ass d'Péitrusklack mat engem Duerchmiesser vu 97 cm, enger Héicht vu 97 cm an engem Gewiicht vun 393 kg an engem Toun a Sol bémol.

Beim Flankechronogramm feelt en "M" fir 1.000: "PETRVS VOCOR PETRVS SCHARLE BENEFICUVS RVPENSIS CONFLARI INGENIOSE FECIT ECCLESIAE RVPENSI."
Op der Récksäit huet de Schmit en zweeten "t" ugehaange kritt: "JOANNES KNAFF MAGISTRO CIVILI ET MATHIA SCHMITT PAROCHO"
D'Klackebild weist e Kruzifix an d'Iwwerreechung vun den Himmelschlësselen un de Péitrus.

D'Statuen[änneren | Quelltext änneren]

Den Niklos[änneren | Quelltext änneren]

Hanne riets am Eck steet op engem Statuestänner un der Mauer eng Niklosstatu mat de Kanner an der Bidden.

De Bëschof Adames als Zinniklos

Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Eng vun de Fënstere gouf vum Nicolas Boes, dem Paschtouer an der Fiels vun 1891-1902, gestëft. Si gouf vum Atelier Linster geschaaft a stellt den Hl. Niklos duer; den Artist huet dem Hellegen d'Gesiicht vum éischte Lëtzebuerger Bëschof Nicolas Adames ginn. D'Kanner an der Bidden hunn d'Gesiichter vu Fielsser Kanner vun deemools.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arrêté du Conseil de Gouvernement du 2 mars 2018.